Majoritéitsparteien iwwert déi nei Mesuren
D'Carole Dieschbourg, den Dan Kersch an de Claude Meisch waren e Samschdeg eis Invitéen am Background am Gespréich.
D’Regierung ass kee Wonschconcert, esou huet den Dan Kersch e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich reagéiert, wéi hien op seng nei Ressorten, de Sport an d'Aarbecht ugeschwat gouf. Et hätt ee vill am Inneministère déi lescht 5 Joer realiséiert, ma hien hätt d’Aarbechtswiesen a senger DNA, dofir hätt hien do och Interessi gewisen. D’Aarbecht wier ee vun de wichtegste Beräicher an eiser Gesellschaft, mengt den LSAP Politiker.
De Schratt vun de Jongsozialisten am Osten, gëtt en éischte Virgeschmaach op de Kongress vun der LSAP, en Dënschden den Owend. Am Background huet den Dan Kersch op d'Fro hin, ob hie mat Oppositioun aus dem Bezierk Oste rechent, geäntwert, datt den Oste gutt zerwéiert gouf.
D’Carole Dieschbourg vun déi Gréng iwwerhëlt nieft der Ëmwelt och d’Nohaltegkeet an d’Klima. Et hätt ee sech drop gëeenegt, datt den MDDI op eegestänneg Ministèren opgedeelt géif ginn. Zum Beispill den Energieberäich, wou et vill Erausfuerderunge géif ginn. Doduercher, datt nei Ministère geschafe ginn, sollen d’Sujete méi Visibilitéit kréien.
Am Background goung dann awer och iwwert déi Mesure rieds, déi schonn annoncéiert goufen. Zum Beispill de gratis ëffentlechen Transport, deen esou nach d'Carole Dieschbourg als sozial Mesure ze gesinn ass an net als Mesure fir den ëffentlechen Transport ze promouvéieren. Fir datt d'Leit méi op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, do ass "méi" néideg.
De Claude Meisch da bleift Educatiounsminister. Hie wéilt nämlech déi Reformen, déi entaméiert goufen, elo suivéieren. Déi misste gräifen a wierken. Ee Gesetz ze stëmmen wier eng Saach, ma déi richteg Aarbecht géif herno gemaach ginn, esou de Claude Meisch. Den SEW hat op enger aner Politik gehofft. De Claude Meisch wëll awer dee Wee weider goen, deen hie viru 5 Joer ageschloen hat.
Eng Kritik, déi d'DP sech muss gefale loossen, ass datt si de Marc Hansen mat an d'Regierung well huelen, obschonn en net vum Wieler confirméiert gouf.
Wat déi eenzel Projeten ugeet, déi déi nächst Regierung wëll ëmsetzen, ass d’Individualbesteierung ee vun de wichtegste sozialpolitesche Projeten, esou de Claude Meisch.
Digitaliséierung kritt jo een eegene Ministère. Do fänkt et scho beim Staat un, dee seng Weeër vereinfache muss. Aarbechtsprozesser wäerten duerch d’Digitaliséierung nei ausgeriicht ginn. Mee de Mënsch soll weider am Mëttelpunkt stoen, net d’Maschinn. Och an der Educatioun setzt een op d'Digitaliséierung, zum Beispill duerch den E-Learning.
De Glyphosat do wëll ee sech een Delai ginn, bis wéini een aus deem erausklamme wéilt.
(Entschëllegt déi kleng technesch Problemer am Ufank vum Audio bzw Video, wouduerch en Deel vum Video feelt).
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.