Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war deen alen an neie Chef vun der Regierungskoalitioun.

Wier een net mat de Gréngen, engem vun de Walgewënner vum 14. Oktober, an eng Koalitioun gaangen, da wier de Wielerwëllen net respektéiert ginn. Dat sot de Premier Xavier Bettel e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Datt de Premier sech no der Publikatioun vun de Walresultater net un d’CSV adresséiert hätt, wier ganz einfach z’erklären. Hie géif net mat der CSV zesummekommen, just fir d’Galerie. CSV hat vill verluer, d’Majoritéit vun de leschte 5 Joer wier dës Kéier net ofgestrooft ginn, eng Ausso déi an de leschte Woche méi dacks ze héiere war.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel (1)

Wat d’Ressortverdeelung ugeet, huet de Premier erkläert, datt do all Partei hiren Interessi huet konnte manifestéieren. Egal wéi ee Minister an engem Ministère sëtzt, géif dee sech un de Koalitiounsaccord halen, egal wéi eng Parteifaarf do sëtzt. Zum Beispill hätt d’Sam Tanson Interessi um Kulturministère gewisen, deen hätt de Premier Xavier Bettel ofginn, och wann hien e gär gehalen hätt.

Genee sou e Choix wier et och, mat wiem ee géif zesummeschaffen, och an der Regierung, wou nieft dem Bezierksproporz och d'Kompetenze missten gekuckt ginn. Dat sot de Xavier Bettel an der Äntwert op d'Kritiken, déi et zum Deel wéinst der Nominatioun vu Leit wéi Marc Hansen, Taina Bofferding oder och Paulette Lenert goufen. An de Ministèren wier dëst net anescht, et misst een am Vertraue kënnen zesummeschaffen.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel (2)

Am neien Digitaliséierungsministère waart eegene Wierder no, vill Aarbecht op de Xavier Bettel, dee sech a Saachen administratiivt Vereinfache vum Marc Hansen assistéiere léisst. Sou soll et an Zukunft net méi néideg sinn, e puer Mol offiziell Dokumenter mussen u Verwaltungen ze schécken, wann dës net méi änneren, wéi schoulesch Diplomer oder e Gebuertsschäin.

Wat de Wuesstem ugeet, huet de Premier Xavier Bettel gemengt, zu Lëtzebuerg brauche mir weider eng Industrie, mir brauchen awer eng méi diversifiéiert Ekonomie an och Plaze fir Leit, déi manner qualifizéiert sinn. Ma d’Betriber, déi op Lëtzebuerg kommen, missten eng Valeur ajoutée matbréngen. Mir brauche Wuesstem, de Contraire ze behaapte wier falsch, mä dee misst landesplaneresch aneschters opgestallt ginn, net zentraliséiert ginn.

De Landesplanungsministère ass déi nächst 5 Joer an den Hänn vun de Gréngen. Op d’Fro, ob dat net eng Brems kéint si fir de Wuesstem, huet de Premier betount, datt ee sech de Klischee, datt d’Ekonomie net mat der Ekologie compatibel wier, misst aus dem Kapp schloen. Iwwert eng méiglech Implantatioun vu Google op Lëtzebuerg, do wollt de Premier net drop agoen, esoulaang den Dossier net ofgeschloss ass. Et géif näischt no baussen gedroe ginn, wat nach net ofgeschloss ass. Dofir sot de Premier och näischt zu der Jughurtsfabréck Fage.

Ee Punkt am Koalitiounsaccord ass d’Individualbesteierung. Do huet de Premier gemengt, datt hie mat den Ongerechtegkeeten déi lescht Joerzéngte wéilt briechen. Wann ee bemol net méi bestuet wier, géif ee bestrooft ginn. De politesche Wëllen ass do, elo ass et um Finanzministère d’Mesure duerchzerechnen.

Gratis ëffentlechen Transport, dee Projet beschreift de Premier als Ëmweltmesure, fir den Nation Branding, eng Alternative zum Individualverkéier, deen awer op senger Säit net verdaamt soll ginn. D'Käschten solle sech op eng 40 Millioune chiffréieren. Mat Gemengen, déi zB am AVL oder dem TICE dra sinn, missten Kompensatiounen ausgehandelt ginn. Ech waarde net bis déi nächst Legislaturperdiod, fir d’Mesure ze realiséieren, esou de Xavier Bettel. De gratis ëffentlechen Transport wier kee vergëfte Kaddo, wéi verschidde Gewerkschafte fäerten. D'Kilometerpauschal soll adaptéiert ginn, net ofgeschaaft ginn.

AUDIO: Background am Gespréich mam Premier Xavier Bettel


D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.