Logement, Mobilitéit, Moderniséierung a Biolandwirtschaft
Déi 3 jéngsten Deputéiert vun de Majoritéitsparteie waren dëse Samschdeg de Mëtteg eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich.
D'LSAP-Ostdeputéiert Tess Burton huet e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich d'Duerstellung vum Aarbechtsminister Dan Kersch zeréckgewisen, si hätt aus Zäitgrënn op e Regierungsposten verzicht. Den LSAP-Politiker hat bei RTL virun e puer Woche gemengt, d'Politikerin hätt net wëlle Regierungsverantwortung iwwerhuelen, well se viru Kuerzem Mamm ginn ass. Am Background sot d'Tess Burton, si wier duerchaus bereet gewiescht, fir Verantwortung z'iwwerhuelen, hätt awer zu engem spéideren Zäitpunkt net méi zur Verfügung gestanen. Op déi genee Grënn wollt si awer net agoen. Besonnesch am Ost-Bezierk hat dës Personalfro jo fir Opreegung gesuergt. Wéinst der Nominatioun vun der héijer Beamtin Paulette Lenert war de Comité vun de Jongsozialisten am Osten geschlossen zeréckgetrueden.
Invitéeën am Background waren déi aktuell dräi jéngst weiblech Deputéiert um Krautmaart. Nieft dem Tess Burton waren dat d'Djuna Bernard vun déi Gréng an d'Carole Hartmann vun der DP, déi eng éischte Kéier de Sprong an d'Chamber gepackt hunn. Fir Tess Burton ass et déi zweet Legislaturperiod.
Si sinn op déi eenzel Voleten agaangen, wou déi dräi jonk Politikerinnen déi nächst fënnef Joer wëlle Jalone setzen.
Der Djuna Bernard vun déi Gréng no muss besonnesch am Logement an der Mobilitéit déi nächst Legislatur nach eng Schëpp bäigeluecht ginn. Sou missten d'Gemenge méi an d'Verantwortung geholl ginn an alternativ Wunnforme gefërdert ginn. Zum Beispill d'intergenerationell Wunnformen oder d'Zesummeliewen a WGen. Et misst een dovun erofkommen, dass jidderee säin Eegenheem muss hu mat Gaart ronderëm, sou déi jonk Politikerin vun déi Gréng.
An den Ae vun der liberaler Deputéiert Carole Hartmann géif mam neie Regierungsprogramm d'Moderniséierung weidergefouert, déi an de leschte 5 Joer ugestouss gouf. Sief et am Zesummespill Beruff a Familljeliewen. Sief et an der Digitaliséierung. Si wëll als geléiert Affekotin och am Justizwiesen Akzenter setzen. Sou mussen hirer Meenung no d'Prozeduren onbedéngt acceleréiert an de Justizapparat weider moderniséiert ginn.
D'Tess Burton ass iwwerdeems Presidentin vun der Landwirtschafts- a Wäibaukommissioun. Et misst weiderhi ganz vill Wäert op d'Qualitéit vun de Liewensmëttel, déi hei produzéiert ginn, geluecht ginn, huet déi sozialistesch Deputéiert betount. Et wier ee ganz ambitiéise Programm. Besonnesch d'Biolandwirtschaft ass fir si déi gréissten Erausfuerderung, fir all d'Acteure um Terrain mat op dee Wee ze huelen an de Betriber déi néideg Ënnerstëtzung an Ureizer ze ginn.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.