D'Moralitéit ka gepréift ginn, an dat geet iwwert de Casier eraus, sot de Justizminister Felix Braz e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Dëst, wéi et ëm déi sougenannt "geheim Casier-Affär" goung. Mëttlerweil ass gewosst, datt den Terme vu geheim jo net zoutreffend. An och dee vu "Casier" net. Vill méi kéint een, wann iwwerhaapt, vun enger Dateschutzaffär schwätzen.

"Geheime Casier ass net zoutreffend, oppe fir Nobesserungen"
D'Moralitéit ka gepréift ginn, an dat geet iwwert de Casier eraus, sot de Justizminister Felix Braz e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Et géif zwou Bases legales ginn, esouwuel fir de Ficher bei der Police, wéi och fir dee bei der Justiz. Op d'Fro wat alles am Fichier central vun der Police dra stoe kéim, sot de Minister, datt do Procès verbalen dran stéingen. Déi géifen eriwwer bei d'Justiz geschéckt ginn, déi en dann an hirem Fichier ophëlt. Do géif et bei der Justiz net e Numm ginn, deen ee misst uklicken. Et wier een administrativen Gestiounsfichier.

Wa mir nëmmen ee Casier hätten, aus Dateschutzgrënn, da gëtt et keng Strofverfolgung zu Lëtzebuerg, da kéint ee just nach Leit verfollegen, déi am flagrant Delit erwëscht géife ginn, esou de Felix Braz. Et wier noutwenneg Informatiounen, am Respekt vun de Reegelen ze hunn fir kënne fir Sécherheet ze suergen.

Et gëtt näischt Illegales, Geheimes oder Verstopptes esou de Felix Braz. Parteipolitik op deem Thema ze maachen, wier net dee richtege Wee. Fir d'éischt hätt een der Chamber Ried an Äntwert gestanen, an duerno direkt d'Ëffentlechkeet am Dossier informéiert. Wann no e puer Wochen, d'Polemik ufänkt iwwert d'Kommunikatioun vun den zoustännege Ministeren, Bausch a Braz, da kéint een domadder liewen, well ee wäit komm wier.

Anere Sujet: de Prisong zu Suessem. Do wier ee gutt mat den Aarbechte virukomm, esou de Felix Braz. Untersuchungshäftlingen an Detenuen solle jo net méi beienee geluecht ginn. Enn 2022 oder Ufangs 2023 soll d'Infrastruktur opgoen. Wat d'Giischtercher ugeet, bréicht ee ronn 200 Agenten, esou de Minister. D'Leit misste net nëmmen rekrutéiert, mee och forméiert ginn. Dofir kéint et sinn datt den Uechterhaff net an enger Kéier a Betrib geholl kéint ginn, mee a Phasen, fir datt d'Leit gutt forméiert zu Suessem hir Aarbecht kënnen ufänken.

Wat den IS-Kämpfer Steve Duarte vu Meespelt ugeet, deen 2014 a Syrien gereest ass fir do un der Säit vun Daesch ze kämpfen, sot de Felix Braz, datt de Mann kee legale Lien zu Lëtzebuerg hätt. Deementspriechend géifen déi Lëtzebuerger Autoritéiten sech net concernéiert fillen, fir ze handelen. Deen eenzege Lien deen de Steve Duarte, deen déi portugisesch Nationalitéit huet, mam Grand-Duché hätt, wier deen hei gewunnt ze hunn. Mee et wier un de portugiseschen Autoritéiten sech ëm den Dossier ze këmmeren.

AUDIO: Background am Gespréich mam Felix Braz

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.