28. Februar 2009: Goerges Metz

Invité dëse Samschdeg war de Georges Metz, Direkter vum Service National de la Jeunesse.
E puer Honnert Jonker briechen all Joer d'Schoul of, ouni Diplom an Erfahrung stin hier Chancen um Arbechtsmaart schlecht.
Ënnert anerem fir si ass de Service Volontaire geduecht, dee virun engem decke Joer reforméiert gouf an nawell Succès huet: vill Jonker gin no hierem Fräiwellegendéngscht entweder zréck an d'Schoul oder fannen eng Aarbechtsplaz.
E Samschdeg an engem "Background Spezial am Gespréich" iwwer de Service Volontaire kucke mer, wéi de Fräiwellegendengscht an der Praxis fonctionnéiert a wou seng Limiten sin. Mir schwätzen mam Georges Metz, Direkter vum Service Nationale de la Jeunesse an engem jonke Mann, deen selwer bei engem Projet matgemaach huet.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.