E Samschdeg waren de Claude Müller an den Ulf Nehrbass eis Invitéen an der Emissioun "Background am Gespréich".

E Mondschutz misst een als eng zousätzlech Méiglechkeet gesi ginn, fir de Risiko vun enger Iwwerdroung ze reduzéieren. Dat sot de Virolog, Professer Claude Müller, e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich. Thema ware Mesuren, déi am Kampf géint de Coronavirus kënne geholl ginn.

Dem Claude Müller no, wier e Mondschutz och e Moyen fir déi aner Sécherheetsmesuren, wéi de sougenannte Social Distancing an dat reegelméissegt Hännwäschen besser kënnen duerchzesetzen, well een einfach dauernd géif dorun erënnert ginn, dass een an enger spezieller Situatioun ass.

De Besoin fir eng Mondschutzflicht anzeféieren gesäit de Professer Ulf Nehrbass, Spriecher vun der Covid-19 Task Force an Direkter vum Luxembourg Institute of Health awer net.

De Verlaf vun den Nei-Infektiounen hätt sech positiv entwéckelt, wat géif weisen, dass sech d'Bevëlkerung relativ disziplinéiert un d'Virgabe vun der Regierung gehalen hätt. Deemno bräicht een och net onbedéngt en Zwang fir Masken unzedoen.

Am Fall vun enger Mondschutzflicht, huet de Claude Muller nach ze bedenke ginn, dass een dann och misst assuréieren, dass genuch Maske fir jiddereen do sinn an dat wier aktuell awer schwéier ëmsetzbar. Allerdéngs géif hien et begréissen, wann de Gesondheetsministère kloer Recommandatioune géif erausginn, wéi ee sech selwer Maske kéint bastelen oder bitzen, wéi ee Stoff een dofir soll huelen a wéi een dës Masken duerno soll wäschen, respektiv propper halen.

Eng weider sënnvoll Mesure wier an den Ae vu béiden Experten, dass een all Dag opschreift, mat wiem een alles Kontakt hat. Esou kéint herno besser novollzu ginn, wou ee sech eventuell ugestach huet, an doraus ënner Ëmstänn Konklusiounen zéien, op wéi enge Plazen oder bei wéi enge Gruppe vu Leit ee besonnesch riskéiert sech unzestiechen.

COVID19: Häerdenimmunitéit riskant
E Samschdeg waren de Claude Müller an den Ulf Nehrbass eis Invitéen an der Emissioun "Background am Gespréich".

Eng Heerdenimmunitéit wëllen z'erreechen huet e ganz héije Präis. Dat sot den Dokter Ulf Nehrbass.

Eng Heerdenimmunitéit bedeit jo, datt 60 bis 70 Prozent vun der Populatioun mam Virus infizéiert ginn, ma d'Infektioun mam Coronavirus géif séier zouschloen an dofir och séier ganz vill a ganz schwéier Fäll zur selwechter Zäit provozéiert. Domadder géife mer eise Gesondheetssystem komplett iwwerlaaschten.

"Wa mer dat evitéiere kënne musse mer dat evitéieren", esou den Ulf Nehrbass. Am anere Fall géif dat zum enge bedeiten, datt Leit déi am Normale kéinte behandelt ginn, net behandelt ginn, well keng Kapazitéiten do sinn an d'Leit aus dem Gesondheetssystem géifen no an no aus dem Aarbechtsalldag eraus geholl ginn, well se selwer infizéiert ginn.
Fir dat ze verhënneren, wier et wichteg d'Zuel vun den neien Infektiounen weider ze drécken. Dat bedeit awer anengems, datt d'Zäit, bis tëschent 60 a 70 Prozent vun der Populatioun immun géint de Coronavirus sinn, an d'Längt gezu gëtt.
Heerdenimmunitéit esou den Ulf Nehrbass, wier e problematescht Zil, dat een och iwwer Méint net kann areechen.

"Iergendeng Kéier komme mer vläicht op de Punkt vun der Heerdenimmunitéit" ënnersträicht de Virologieprofesser Claude Muller, méiglecherweis géif et virdrun awer schonn e Vaccin, dee funktionéiert. Da muss een net bis dohinner kommen.

''Mir mussen an deenen nächsten Deeg driwwer nodenken mat wéi enge Mesure mir dës Quarantän lackeren'', sot de Claude Muller. Dofir misst ee wëssen, wéi eng Persoune schwéier Krankheetsverleef hunn, a wéi vill Leit ënnert 50 Joer an där Grupp sinn a firwat. Wann een dës Resultater hätt, kéint een déi Persoune weider isoléieren. Déi aner dogéint, kéint een nees virun d'Dir loossen. Si kéinte sech infizéieren, an dat ouni Komplikatiounen. Wat méi Leit immun wären, wat besser, esou de Claude Muller.

Den Professer Ulf Nehrbass seet d'Risikogruppen missten isoléiert ginn. Dat wär eng weider Etüd, un der ee schafft. Mä op déi definitiv Resultater kéint een net waarden. D'Mesuren ze lackeren wär nämlech eng Decisioun, déi vill Interessen berücksichtege misst, wirtschaftlecher, gesondheetlecher, a psychologescher.

Lëtzebuerg hätt dofir gutt Viraussetzungen, esou den Professer Ulf Nehrbass. Duerch déi disziplinéiert Bevëlkerung an déi ganz staark Fuerschung, kéint een mat Zäit Mesurë fir déi sozial Renaissance huelen, ouni d'Gesondheet a Gefor ze bréngen.

Dofir misst zu Lëtzebuerg nach méi getest ginn. Da kéint een zäitlech Infektiounsketten novollzéien.

''Con-Vince'', dat ass den Numm vun enger Etüd, mat där d'Donkelziffer vun Infektiounen zu Lëtzebuerg soll erausfonnt ginn. Si gëtt ënnert der Leedung vu der Covid19 Task Force duerchgefouert, vun där de Professer Nehrbass de Spriecher ass. 1.500 Persounen - gesonder, Covid19-Infizéierter ouni oder mat mëllen Symptomer, an Leit déi infizéiert waren - ginn ënnersicht. D'Etüd geet nächsten Dënschdeg un - éischt Resultater kéint ee sech fréistens eng Woch drop erwaarden.

Allgemeng huet den Professer Nehrbass virdru gewarnt, wëssenschaftlech Fortschrëtter ze fréi ze verëffentlechen. Fir aus dëser Kris erauszekommen, géif virun allem eppes zielen: Fakte schafen.

Background am Gespréich: Claude Müller / Ulf Nehrbass

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.