Mam Direkter vun der Chambre des Salariés a mam Redakter vum Sozialalmanach vun der Caritas hu mer iwwert déi sozial Dimensioun vun der Kris geschwat.

"Mir gesinn elo, datt 10 Milliarden op eemol do sinn, an et gëtt gesot 'et kascht, wat et kascht'", dat sot de Robert Urbé vun der Caritas e Samschdeg an der Mëttesstonn hei op der Antenn. Dat wier och gutt esou, mä et géif ee sech froen, firwat da virdru keng Sue konnte fonnt ginn, fir ze verhënneren, datt d'Leit an d'Aarmut rutschen. Dat hätt dem Robert Urbé no och domat ze dinn, datt d'Niddregverdénger zu Lëtzebuerg dacks net Walberechtegter wieren.

De Redakter an Editeur vum Sozialalmanach vun der Caritas war Invité an eiser Emissioun Background, zesumme mam Direkter vun der Chambre des Salariés Sylvain Hoffmann, fir iwwert déi sozial Konsequenze vun der Corona-Kris ze schwätzen. Et bréicht een net onbedéngt nei Outilen, sot de Robert Urbé, ma Kannergeld, Revis an änlech Mesurë missten no uewen adaptéiert ginn.

Background am Gespréich mam Sylvain Hoffmann a Robert Urbé

De Sylvain Hoffmann huet ervirgestrach, datt et schonn e groussen Ënnerscheed géif maachen, wa bei deene Beruffer nogebessert géif ginn, déi elo als "essentiell" ugesi géife ginn. Hei wieren nämlech vill Leit, déi net vill verdéngen a riskéieren, aarm ze sinn, obwuel se schaffen. De Robert Urbé huet an deem Kontext och fir méi Kollektivverträg plädéiert - et kéint net sinn, datt a verschiddene Secteure méi wéi d'Hallschent vun de Leit nëmmen de Mindestloun kréichen.

Deenen zwee Invitéeën no géifen d'Mesuren, déi bis elo annoncéiert goufen, wéi d'Erhéije vun der Allocation vie chère a vun der Subvention loyer net duergoen, fir de Leit aus der Prekaritéit ze hëllefen. Si hunn och allebéid déi annoncéiert Primme fir d'Renovatioune vun den Haiser kritiséiert - hei géife Leit ënnerstëtzt ginn, déi sech dat souwisou scho kënne leeschten, wärend aarm Leit, fir déi d'Energiekäschte méi e grousse Problem sinn, sech d'energetesch Sanéierung nach ëmmer net leeschte kéinten. Hei géif d'Regierung mat der Strenz fueren amplaz geziilte Mesuren ze huelen, esou de Robert Urbé.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.