Mam Professer fir Psychologie a Member vum Expertegrupp, deen d'Regierung am Kampf géint de COVID-19 beréit, hu mir dëse Samschdeg geschwat.

Background am Gespréich mam Professer Claus Vögele

Wéi geet et de Leit nom Lockdown? Där Fro geet de Psycholog a Professer un der Universitéit Lëtzebuerg Claus Vögele no.

D'Universitéit huet dofir Ëmfroe bei Leit queesch uechter Europa gemaach, wéi si sech wärend der Kris gefillt hunn. Relativ zefridde ware virop d'Lëtzebuerger an déi Däitsch. Leit, déi aus Italien bei der Ëmfro matgemaach hunn, waren am onzefriddensten.

Extrait Claus Vögele (1)

Iwwerraschend war fir de Professer Vögele awer, dass Lëtzebuerger Participanten un dëser Enquête relativ heefeg uginn hunn, Angscht ëm hir Zukunft ze hunn. An dat obschonn et deene meeschten hei am Land wirtschaftlech gutt geet.

Wéi sech de Confinement an de Social Distancing op déi psychesch Gesondheet vun de Leit auswierkt, kéint een allerdéngs elo nach net soen.

Ma allgemeng géife kritesch Liewensevenemter Problemer dacks verstäerken, déi et virdru scho gouf. Deemno erwaart de Professer sech als Konsequenz vun der Corona-Kris, dass méi Leit geplot wäerte si mat Problemer wéi Angschtzoustänn an Depressiounen, déi och schonn zu normalen Zäite relativ heefeg sinn.

Extrait Claus Vögele (2)

Eng vun de Froen, déi de Professer Vögele a seng Ekipp nach wëllen ënnersichen, ass déi, wéi sech déi aktuell Sécherheets- an Hygiènesreegelen op d'Wuelbefanne vun de Leit auswierken. Grad wann d'Leit Masken unhunn, kéint een zum Beispill Emotioune manner gutt erkennen.

Extrait Claus Vögele (3)

Och de kierperleche Kontakt géif ville Leit feelen a kéint sech och op déi psychesch Gesondheet vun de Leit auswierken. Dass Leit sech eleng fillen, wa si kee Kierperkontakt hunn, wier net nei, ma géif duerch déi aktuell Situatioun verstäerkt ginn, well et einfach vill méi Leit betrëfft.

Eisen Invité vun e Samschdeg de Mëtten ass och Member am Expertegrupp, deen d'Regierung beim Deconfinement beréit.
Vill Regierungen, dorënner och déi Lëtzebuerger hätten wärend der Kris bis elo alles richteg gemaach, sou nach de Claus Vögele.

Extrait Claus Vögele (4)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.