Den Escher Conseiller Marc Baum vun "Déi Lénk" ass de Samschdeg, 14. Mäerz Invité am Background vun RTL Radio an dono Gaascht am Video-Chat op RTL.LU.

Wéi eng Rezepter hunn Déi Lénk géint d'Wirtschafts- a Finanzkris? Gëtt d'Kritik um Kapitalismus elo rëm méi in? Wéi stinn der Lénk hir Chance bei de Wahlen?

Dorems geet et de Samschdeg, 14. Mäerz an der RTL-Radio-Emissioun Background am Gespréich an dono am RTL.LU-Video-Chat mam Marc Baum, zanter 6 Méint Conseiller vun der Lénk am Escher Gemengerot.

Mam Acteur a Regisseur schwätze mer och iwwer d'Kultur-Landschaft an iwwer d'Minettmetropol.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.

Nom Radio-Talk war de Marc Baum zesumme mam Francine Closener vun zirka 13.10 Auer un am Video-Chat op RTL.LU. Do konnt Dir him live Froe stellen.

VIDEO: Chat