An der Emissioun Background spezial am Gespréich geet et déi Kéier iwwert GMOen, also "Gentechnesch Modifizéiert Organismen".

Dacks héiert een awer och d'Ofkierzung OGM, wat awer näischt anecht ass ewei d'franséisch Versioun, also "Organisme génétiquement modifié".

Mee mat engem gentechnesch modifizéiertem Organissem: Gëtt do Guddes gemat, wéi een heiansdo héiert, oder si GMOen ëmmer schlecht? Schlecht fir d'Emwelt, schlecht fir Déier a M!nsch? A wéi eng Konsequenzen muss ee fäerten. Doriwer schwätzen mer am Background.

Déi 4 Invitéen am Studio sinn:

Jean Feiereisen vun der ULC, also der Unioun vun de Konsumenten;

- Raymond Aendekerk aus dem Haus vun der Natur a vun der Associatioun "Biolabel";

- GMOen an hir Bedäitung an der 3. Welt oder Patenter um Liewen, dat sinn d'Themen, fir déi éischter de Gérard Kieffer zoustänneg ass; hien ass Emweltbeoptragte vun der kathoulescher Kierch Lëtzebuerg;

- an dee Véierten um Dësch ass de Maurice Losch vu Greenpeace.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.

RTL