De Jeannot Krecké hat sech d'Enn vu sengen éischte 5 Joer als Wirtschaftsminister bestëmmt méi agréabel viirgestallt ...

Europa an d'Land si matten an der schlëmmster Wirtschaftskris zanter Joerzéngten, de Chômage klëmmt a klëmmt an et muss gespuert ginn an an engems investéiert.

Iwwer méiglech Weeër aus der Krise schwätze mer dëse Samschden, 28. Mäerz an der Emissioun Background am Gespréich mam Jeannot Krecké.

Bësse méi agréabel ass dem LSAP-Politiker säi Sports-Ressort, mee och do ginn et scho Kritiken un de Pläng fir een neie Football-Stadion.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.