04. Abrëll 2009: K. Basenach, M. Di Bartolomeo a Cl. Turmes

© Michael Gottschalk (DDP/AFP)
Gesondheetsservicer si keng Wuer, déi een ouni national Kontroll dem Spill vum fräien EU-Maart iwwerloossen däerf.
Mat der neier europäescher Gesondheetsdirektiv schéngt awer genee dat ze geschéien.
Wat steet do fir Lëtzebuerg um Spill, wat kann déi nei Direktiv fir d'Rechter vum Patient a fir eisen nationalen Gesondheetssysthem allgemeng bedeiten?
Dorems geet et e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich" mam Karin Basenach vum europäeschen Verbraucherschutzzentrum, mam Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo a mam Europadeputéierten Claude Turmes.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.