Den ADR-Deputéierte war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

D'ADR hätt net sou massiv d'Grondrechter vun de Leit limitéiert. Et hätt een d'Bierger responsabiliséiert an hinne Recommandatioune mat op de Wee ginn. Dat seet de Chef vum parlamentaresche Grupp vun der ADR. De Fernand Kartheiser war e Samschdeg de Mëtteg Invité am Background.

Background am Gespréich: Fernand Kartheiser

D'ADR wier fir eng Impfung, awer géint eng Impf-Obligatioun. De grénge Certificat dierft just vum Staat an net vu Privatleit kontrolléiert ginn, zum Beispill vum Restaurateur. De Fernand Kartheiser refuséiert iwwerdeems Steiererhéijunge wéinst der Pandemie.

D'ADR verlaangt dernieft e Rapport vum Rechnungshaff iwwert de Large-Scale-Testing, fir eppes iwwer d'Käschten-Notzen-Relatioun gewuer ze ginn a fir prozedural Froen ze klären. Den LST hätt ëmmerhin 160 Millioune kascht, ma just wéineg Leit hätte matgemaach, sou de Fernand Kartheiser.

Lëtzebuerg hätt definitiv e Sécherheetsproblem, seet de Fernand Kartheiser, deen d'Zuele vum Policeminister Henri Kox unzweiwelt. Fir d'ADR muss e Platzverweis kommen an déi organiséiert Mendicitéit sollt bekämpft ginn. D'Police misst méi Moyenen. D'Justiz an d'Immigratioun sollten hir Aarbecht maachen, si géinge Kriminalitéit toleréieren an näischt ënnerhuelen, sou de Fernand Kartheiser.

D'ADR fënnt et e Skandal, datt 4 Parteien a puncto Verfassungsrevisioun hiert Wuert net halen. D'Regierungsparteie géinge mat Hëllef vun der CSV de Staat op wichtege Punkte veränneren, dat ouni d'Bevëlkerung ze froen. D'ADR insistéiert, datt d'Populatioun informéiert gëtt an datt e Referendum ofgehale gëtt.

Nom Depart vum Gast Gibéryen wier d'ADR a sengem Geescht weidergefuer, sou de Fernand Kartheiser. D'ADR wier eng konservativ Partei, déi sozial wier a riets vun der Mëtt géing stoen. Vun enger AFD oder engem Rassemblement National géing ee sech kloer ofgrenzen.

Hie selwer géing säi Mandat an der Chamber fäerdeg maachen an och an déi nächst Wale matgoen, sou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.