Den neie President vun der Bauerenzentral an d'Direktesch vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft waren e Samschdeg eis Invitéen.

Background am Gespréich vum 5. Juni

Wéi soll déi zukünfteg Agrarpolitik ausgesinn? Wat soen d'Baueren hei am Land iwwert déi geplangte gemeinsam europäesch Agrarpolitik? An wat sinn d'Erausfuerderungen hautdesdaags un de Metier vum Bauer? Dat war haut ënner anerem Sujeten an eiser Emissioun Background. Invitéiert waren d'Daniela Noesen Direktesch vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft an de Christian Wester, neie President vun der Bauerenzentral an selwer och Bauer.

Ass déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik (GAP) gescheitert?

Fir d'Daniela Noesen vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft ass déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik gescheitert. Ee „weider wei bis elo“ wär absolut keng Optioun an d'Lëtzebuerger Regierung hätt sech mam Regierungsaccord a mam Zil bis 2025 20 Prozent Biolandwirtschaft ze hunn, och schonn als Virreider positionéiert. D'EU Kommissioun wär nogezu mat engem Green Deal an enger Farm-to-Fork Strategie wou ee Bio wéilt stäerken. Et hätt een eng Biodiversitéit-Strategie, e Klimaschutz-Plang, ee Pestizidreduktiounsplang, een Antiobiotikareduktiouns-Plang an déi Instrumenter déi d'EU engem géing ginn, déi misst een och benotzen. Donieft géingen d'Memberstaaten och d'Chance kréie fir hir Zukunftsstrategie och vill méi selwer ze gestalten. An dat wier eng Chance fir de Systemwiessel anzelauden den et och bräicht. Sou wéi d'Subventiounen den Ament verdeelt ginn, wären se net zilféierend. An do wär d'Biolandwirtschaft eng grouss Méiglechkeet, sou d'Daniela Noesen.

Et kéint een hei an der Géigend all Dag akafe goen, d'Regaler géingen ëmmer voll leien. Do kéint een net vun engem Scheitere vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik schwätzen. Dat fënnt dogéint den neie President vun der Bauerenzentral Christian Wester. Besonnesch wann ee wéisst, dass d'GAP agefouert gouf fir d'Liewensmëttel-Souveränitéit vun den EU-Memberstaaten ze garantéieren. D'Bauere wären éischter Affer vun hirem eegenen Erfolleg, well een et fäerdeg bruecht hätt och a Krisenzäiten d'Leit ze versuergen, mat qualitativ héichwäertege Produiten, déi net nëmme Bio misste sinn.

Sinn 30% Ëmweltoplage fir EU-Subventiounen ze vill?

E Knackpunkt an den Negociatiounen tëscht dem EU-Parlament, der Kommissioun an dem Ministerrot fir d'GAP fir déi nächst 7 Joer ze definéiere sinn d'Ëmweltoplagen. D'Parlament fuerdert, dass 30 Prozent vun den Direktsubventiounen un Ëmweltoplage gebonne ginn, d'Agrarministere refuséieren. Och elo scho géingen et Ëmweltoplage ginn, präziséiert den Christian Wester. An 30 Prozent wär einfach ze vill, sou de Christian Wester. D'Landwirtschaft misst sech och ekonomesch droen, soss kéint een all Produktioun ofschreiwen.

De Problem géing um System leien, erkläert d'Daniela Noesen. Éischtens wär just een "Ertragsausfall" entschiedegt. Dat heescht et géing keng Honoratioun gi fir eng ökologesch Déngschtleeschtung déi e Bauer leescht. An zweetens wieren d'Primmen un d'Fläch gebonnen an dat géing bedeiten dass den Drock op d'Fläch immens an d'Luucht geet: Stéchwuert „land grabbing“, erkläert d'Direktesch vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft. Wann een de Beruffsstand vum Bauer wéilt promouvéieren an een net wéilt, dass nach méi Betriber verschwannen da misst een d'Aarbechtskraaft promouvéieren. Och wann d'Fuerderungen net direkt kéinten ëmgesat ginn, sou misst een se awer supportéieren.

Dem stëmmt de Christian Wester och zou. Et géing een näischt fir déi Déngschtleeschtung kréien, déi een der Allgemengheet géing liwwere mam Naturschutz oder der Biodiversitéitssteigerung. Doduerch géing een dem Bauer och keen Ureiz géing schafe fir sech och méi do eranzeschaffen an anerersäits géing een awer verlaangen, dass de Bauer vu sengem gewinnte Wee misst ofgoen, wou hien e Risiko ageet, ouni Aussicht op eng Plus-Value.

Ass Bio-Landwirtschaft d'Léisung?

Wann een d'Gesamtbild géing kucken, da wier Bio d'Léisung, sou d'Vertriederin vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft. D'Baueren missten sech da  mam Gedanken ufrënne fir 20-30 Prozent manner Erträg ze hunn, mee géingen dofir och méi kréien an och ökologesch Déngschtleeschtunge bréngen.

D'Landwirtschaft misst sech awer weider finanziell rechne kënnen, sou de Christian Wester. Et géing een ëmmer soen et bräicht een méi Bio, ma et misst och een Ofsazmaart fir d'Produite ginn, also genuch Leit déi dann alleguer Bio kafen. Donieft géingen och aus dem Ausland  Bio-Produiten hei am Land vill méi bëlleg verkaaft ginn. An dat wär och e Problem den d'Bauere géing beschäftegen. Déi national Ziler vu 5 op 20% Biolandwirtschaft ze kommen hält hien net fir realistesch.

D'Nofro fir méi Bio wier der Vertriederin vu Biolandwirtschaft awer sécher do, dat hätt besonnesch d'Pandemie elo däitlech gemaach. D'Daniela Noesen begréisst dofir och d'Zilsetzung vun der Regierung, och wann se net vun haut op Muer ëmsetzbar wier. D'Politik kéint nëmmen dee richtege Kader setzen an da wier ee gesamtgesellschaftlechen Akt vun de Leit alleguerte gefuerdert.
De Christian Wester plädéiert fir net ze vill an d'Extremer ze falen. 100 Prozent Bio oder 100% konventionell, dat misst net sinn. D'Zukunft wier warscheinlech éischter eng Hybrid-Versioun.  D'Daniele Noesen fënnt och, dass een net „starr“ dierft an eng Richtung kucken, mee dofir wär 100% Biolandwirtschaft bis 2050 jo och eng Visioun. Dat wär e Prozess.

Gesellschaftlech Akzeptanz vum Bauer

An de leschten 100 Joer hätt sech de Beruff vum Bauer vill verännert. Haut misst een manner mat der Muskel-Kraaft maachen an méi mam Kapp, also d'Gestioun vum Betrib an den Asaz vun neien Technologien.

Eng work/life balance hätt een als Bauer net, mee et wär eng Passioun fir säi Buedem a fir seng Déiere fir déi ee géing liewen.

Biodiversitéitsverloscht an héich Phosphat- an Nitrat-Wäerter  duerch de Pestizid-Asaz am Buedem an am Grondwaasser: dat wären alles Fakten déi op eng  Industrialiséierung vun der Landwirtschaft zeréckféieren. An do hätt d'Politik d'Baueren och hin gedréckt, fënnt d'Daniela Noesen. Mee hautdesdaags géingen et genuch Alternative ginn.  Jonk Bauere wäre vill méi kritesch a géingen och vill hannerfroen an dat wär eng Chance, dass si och d'Gesellschaft géinge mat an d'Verantwortung zéien.

Dobausse bei de Leit déi een begéint wär de Bauer eigentlech ëmmer nach gutt ugesinn, ma an de Medie géing een dacks un de Pranger gestallt ginn an fir all méiglech Saache verantwortlech gemaach ginn. Dobäi misst een zB a punkt Biodiversitéitsverloscht och mol de Wuesstem ënnert d'Lupp huelen, sou de Christian Wester.

Dat géing stëmmen, mee generell hätt déi intensiv Landwirtschaft och zu engem Biodiversitéitsverloscht bäigedroen, fënnt d'Daniela Noesen. Kloer hätt d'Politik d'Landwirtschaft an déi Richtung gedréckt, elo géing se vill Instrumenter ubidden, fir nees zeréckzekommen.


"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.