De Landwirtschaftsminister war dëse Samschdeg Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

Background am Gespréich mam Romain Schneider

Den Accord iwwert déi nei europäesch Agrarpolitik ass gutt, ma d'Defien fir d'Baueren, Wënzer, Gäertner si grouss. Dat sot de Landwirtschaftsminister Romain Schneider an eiser Emissioun Background.

Vun 2023 u si 25% vun den Direkthëllefen un obligatoresch Ëmweltprojete gebonnen. Donieft solle méi Efforten am Beräich vum Déierewuel an dem Klimaschutz grad wéi der sozialer Ofsécherung vun de Bauere gemaach ginn. Hei zu Lëtzebuerg géifen am Ganze 40% vun den ëffentleche Gelder, dat sinn am Ganzen eng 100 Milliounen Euro d'Joer,  an Mesurë fir den Ëmwelt- an Déiereschutz fléissen, sou den LSAP-Minister. Dat wier schonn net näischt a sécher eng Ëmstellung fir d'Baueren. Duerfir misst een d'Baueren a Wënzer mathuelen op deen neie Wee.  Ouni si géif et net goen an déi géifen och déi ambitiéisten Ziler näischt nëtzen. An deem Sënn huet sech den LSAP-Politiker fir méi eng grouss administrativ Vereinfachung ausgeschwat. Et sollen ëmmer méi Demanden iwwert den elektronesche Wee méiglech ginn. D'Prioritéit vun de Baueren misst och an Zukunft d'Aarbecht am Stall bleiwen.

De 14. Juli ass eng éischt Reunioun mat Vertrieder vum Secteur geplangt fir iwwert den nationale Strategieplang ze schwätzen, dee  Lëtzebuerg bis Enn des Joers op Bréissel schécke muss, an deen den neien Oplage vun der PAC Rechnung muss droen. De Romain Schneider sot awer och kloer, datt hien och déi zoustänneg Organisatiounen am Beräich vum Ëmwelt- an Naturschutz abanne wëll.

"Ech gleewen un d'Zil vum Bioaktiounsplang"

D'Regierung hat sech am Koalitiounsaccord dozou engagéiert, bis 2025 20% vun den Agrarflächen, fir Biolandwirtschaft ze reservéieren. Den Ament läit den Undeel bei 5,18%. Ma de Romain Schneider wëll sech net soe loossen, d'Zil wier aus der Loft gegraff. Hie géif weider dru gleewen, datt d'Zil ze realiséieren ass. Duerfir wier hien och am Gaang, de Bioaktiounsplang ëmzesetzen. Um Terrain géif och vill dorunner geschafft. Hien hätt d'Gefill, datt et den Ament "eng Landwirtschaft" zu Lëtzebuerg gëtt. Eng Landwirtschaft, déi an Zukunft nohalteg soll sinn an déi Zukunft och bei weider bei de mëttelgrousse Familljebetriber leie soll.

Deelëmstellunge vu Betriber hält de Landwirtschaftsminister awer och fir interessant. Dat misst nach besser organiséiert ginn, och méi erlaabt ginn. Donieft ass de Landwirtschaftsministère am Gaang ze kucken, wéi een de Secteur nach méi diversifiéiere kéint. Lëtzebuerg baut bis elo nëmme Brochdeel vum Geméis an Uebst un, vun deem wat consomméiert gëtt. D'Offer soll an Zukunft och duerch Ënnerstëtzung weider eropfgeschrauft ginn. Grouss Erausfuerderunge wieren de Waasserverbrauch an awer och Autorisatiounen. Dat wier een alles am Gaang ze kucken. Bei 5,6% Eegeversuergung géif op alle Fall nach ganz vill Sputt no uewe bleiwen, fir datt d'Leit och hei lokal a  saisonal akafe kënnen.

D'CNS ass keng Spuerkeess

Den zweete Ressort vum Romain Schneider ass d'Sozialversécherung. No 2020 wäert de Staat och dëst Joer déi exzeptionell Ausgaben beim Congé pour raisons familiales wéinst Corona an aneren Depensen an deem Beräich bis Enn des Joers iwwerhuelen. Dat wier guer keng Diskussioun. Wéi grouss d'Lach am Budget vun der CNS um Enn vum Joer ass, misst sech nach weisen, elo wou d'Auswierkunge vun der Pandemie dach däitlech zréckgaang sinn. D'Projektiounen haten vun iwwer 100 Milliounen Euro geschwat. Och dann wier et awer net, fir direkt an Panik ze verfalen. D'Reserve géifen nämlech weider héich bleiwen.

Zännstee zwee mol am Joer rembourséiert

Mëttelfristeg misst een iwwert de Finanzement vun der Gesondheetskeess iwwerschaffen, ma fir den LSAP-Politiker ass kloer, d'CNS ass keng Spuerkeess an d'Assuréeë sollen zousätzlech Leeschtunge kréien.

Bei den Zänn ass den zoustännegen Aarbechtsgrupp no der Fréijoersquadripartite bis elo eng éischte Kéier zesummekomm. Am Juli solle lo éischt Propose gemaach ginn. Kuerzfristeg, huet de Romain Schneider awer haut verséchert, soll all Patient am Joer zwee Detartragen vun der Keess iwwerholl kréien. Donieft ginn och Diskussiounen iwwert d'Fëllunge gefouert an a wéi engem Zäitraum een nei Prothees kréie kann. Alles dat soll elo zesumme mat den Zänndokteren an der AMMD an den aneren zoustännegen Acteuren ausernee gepléckt ginn, fir dann op der Quadripartite am Hierscht e klore Plang virzeleeën  "wéi dat géif ëmgesat ginn".

Him géif et "och heiansdo op Geescht goen", datt nei Prestatiounen annoncéiert ginn an da géif et éiweg daueren, bis endlech ëmgesat ginn, huet de Romain Schneider net verstoppt. Heiansdo wier et awer och méi schwéier Accorden ze fannen, wann d'Nomenclature an déi allgemeng Philosophie iwwerschafft misst ginn.

Wat d’Verhandlunge fir de Remboursement vu Psychotherapienstonne ugeet, sot de Romain Schneider, et wier säi politesche Wëllen, datt d’Negociatiounen tëscht CNS a Fapsylux, wou hie selwer net derbäi ass, op en Enn kommen. Als Stéchdatum war ze lescht de 15. Juli genannt ginn. A sengen A misst just opgepasst ginn, datt d’Konventioun sech an engem Kader ofspillt, fir och an Zukunft an anere Beräicher e gewëssenen Equiliber ze halen.

En neie gesetzleche Kader fir de „Virage ambulatoire“ gëtt Mëtt Juli presentéiert

Um Gesondheetsdësch gëtt sech den Ament mat der Auslagerung vu verschiddene medezinesche Servicer baussent dem Spidol befaasst. Stéchwuert „Virage ambulatoire“. Konkret Projete wéi de geplangte medezineschen Zenter vun der Fondation Hôpitaux Robert Schuman an de Radiologiecabinet mat engem IRM zu Gaasperech leie vir, ouni datt et nach deen néidege politesche Feu vert gëtt.

De Romain Schneider huet awer ugekënnegt, datt an der Plenière Mëtt Juli en neie Kader soll presentéiert ginn a wéi eng Richtung et goe soll. Den LSAP-Politiker huet kloer betount, datt de Status quo vum aktuelle System keng Optioun a sengen An ass, grad sou wéineg wéi alles oder méi ze privatiséieren. Do dertëscht wier villes méiglech sou laang den Zougang zu de Soinen fir jiddereen garantéiert bleift. De Patient misst ëmmer am Mëttelpunkt stoen an d’Aarbechtsplaze vun de Mataarbechter ofgeséchert sinn. Et bräicht een alleguerten d’Acteuren an eng aktualiséiert Carte sanitaire, déi di reell Besoinen um Terrain weist, fir Neel ma Käpp ze maachen.


"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.