Wou muss a kann a Krisenzäite gespuert a wou däerf op kee Fall gekierzt ginn? Wéi kann deene Schwaachen an dësen Zäite gehollëf ginn?

Dat sinn e puer Froen, déi eis de Samschdeg, 25. Abrëll an der Emissioun "Background am Gespréich" mam Robert Urbé interesséieren.

D'Kris also aus der Siicht vum Sozialaarbechter vun der Caritas an d'Konsequenzen vun der economescher Situatioun op d'Sozialpolitik.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.