Den Ament (nach) kee Besoin fir 2G am Grand-Duché
Invitée an der Emissioun "Background am Gespréich" e Samschdeg war d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Mir ginn net op an hoffen nach ëmmer drop, dass weider Leit sech impfe wäerten. Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background. Zanter dem leschte Covidgesetz, mat deem de CovidCheck-System op méi Plazen agefouert gouf, sinn d'Impfunge vu ronn 2.000 d'Woch op iwwer 5.000 d'Woch eropgaangen. Och an den Dokteschcabinete géing ee gesinn, datt d'Demande an d'Luucht geet. D'nächst Woch soll donieft och e Bilan gemaach ginn, wéi vill Betriber de CovidCheck-System fir hir Mataarbechter effektiv agefouert hunn.
Dass zu Lëtzebuerg bis elo manner Leit bereet waren, sech impfen ze loossen, wéi zum Beispill a Spuenien oder a Portugal, läit an den Ae vun der Gesondheetsministesch dorun, datt déi Länner nach vill méi schlëmm vun der Pandemie getraff goufen an d'Leit sech der Gefor vum Virus doduerch och méi bewosst wieren.
Den Ament kee Besoin fir d'Mesuren ze verschäerfen
D'Mesurë wieren do, fir Drock op d'Leit ze maachen, fir sech impfen ze loossen, ma fir d'Regierung géing et drëms goen, deen Drock Schrëtt fir Schrëtt opzebauen. Ëmmer méi Leit géingen zum Beispill och eng Impfflicht verlaangen. Dat wéilt een awer evitéieren. Fir den Ament géing een och net un d'Aféiere vun engem 2G-System denken, wéi et zum Beispill elo an Éisträich geschitt. Den 3G-System géing bis ewell gutt fonctionéieren, et misst ee schonn an eng gewësse Verzweiwlung kommen, fir d'Tester net méi z'acceptéieren. Och an de Spideeler géing de CovidCheck-System gutt fonctionéieren an et géing ee bis ewell kee Besoin gesinn, fir d'Mesuren ze verschäerfen.
Booster-Impfung gëtt net obligatoresch
E Méindeg kënnt den Avis vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses, wat e méi breeden Asaz vu Booster-Impfungen ugeet. Den Ament kënne Leit iwwer 75 Joer a vulnerabel Persoune schonn dovunner profitéieren, ma dëst soll awer och op de Rescht vun der Populatioun a virun allem och d'Gesondheetspersonal ausgedeent ginn.
Esou eng zousätzlech Impfung géing awer egal wéi net obligatoresch ginn. Dat heescht, och wann een eng 3. Vaccinatioun refuséiert, behält een de CovidCheck, sou d'Paulette Lenert.
D'Lëtzebuerger Regierung ass iwwerdeems den Ament amgaang, mat Nodrock an der EU z'intervenéieren, fir eng gemeinsam europäesch Linn ze fannen, wat d'Verlängerung vun de Covid-Zertifikater ugeet.
Aktuell ass et esou, dass een Impfpass 12 Méint gülteg ass, dat heescht, déi éischt Zertifikater géingen am Januar auslafen, sou d'Gesondheetsministesch. D'Paulette Lenert ass awer optimistesch, datt een eng Léisung fënnt, am anere Fall géing ee kucken, se national ze verlängeren.
Ras-le-bol vun de Leit ass novollzéibar
Bei de Marche Blanchen héiert een e Ras-le-bol eraus, deen novollzéibar ass, sou d'Gesondheetsministesch. Et géinge ganz ënnerschiddlech Leit bei deenen Demonstratioune matgoen. Et wier normal, datt d'Leit d'Flëmm hätten. Allerdéngs géinge ganz vill Feelinformatiounen zirkuléieren an donieft géingen och vill Statistike falsch interpretéiert ginn. Et misst een dofir probéieren, de Leit hir Froen ze verstoen an d'Kommunikatioun unzepassen an dorëms wier de Gesondheetsministère och beméit. Si wier och kontaktéiert gi vun engem Grupp vu Leit, deen un der Marche Blanche bedeelegt wier, sou d'Paulette Lenert. Si géing elo den Dialog sichen an hoffen, Onkloerheeten opzeklären. An der Pandemie kéimen ëmmer nees nei Erkenntnisser, déi och en Impakt op d'Mesuren hätten, an dat géing dacks falsch verstane ginn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.