Am Kader vum Europadag, den 9. Mai goung et de Samschdeg an eiser Emissioun "Background am Gespréich" ëm 5 Joer Europaparlament.

Eis Emissioun koum live aus dem Europahaus an der Stad.

Inviteeë sinn d'Kommissärin Viviane Reding an d'Europadeputéiert Lydie Polfer, Robert Goebbels a Claude Turmes.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.