"Pandemidd": Santéspersonal am Dauerstress
An der Emissioun "Background am Gespréich" goung et e Samschdeg iwwert d'Belaaschtung am Gesondheetsberäich an d'Tensiounen, déi ëmmer méi zouhuelen.
Et ass nach eng grouss Angscht bei de Leit ze verspieren. Dat sote souwuel d'Infirmière Agnes Daemen wéi och den Intensivmedeziner Jean Reuter e Samschdeg de Mëtteg am Background. An der Emissioun goung et ëm d'Belaaschtung fir d'Santéspersonal no 20 Méint Pandemie. Op der Intensivstatioun wier et schwiereg, mat Patienten ze schaffen, déi net geimpft wieren a schwéier Verleef hätten oder stierwen a wou ee sech seet, déi hätte sech kënne schützen, sot de Jean Reuter. Falschinformatiounen, déi verbreet ginn, missten ënnerbonne ginn, besonnesch, wa sou vun Autoritéitspersoune kommen.
Ee Fall géif hinnen do ganz vill Suerge maachen, sot de President vum Collège médical Pit Buchler. An zwar dee vum Dokter Ochs. Den Dokter krut an éischter Instanz virum Conseil de discipline e Beruffsverbuet vun engem Joer gesprach, kann awer nach bis den Appell schaffen. An et hätt souguer nach eng Schëpp dropgeluecht par Rapport zu deem, woufir hie condamnéiert gouf, huet den Dokter Buchler bedauert an annoncéiert, de Collège médical kéint dowéinst nach eng zweet Disziplinarprozedur géint den Dokter Ochs entaméieren. Seng Aussoe wiere géint déi ëffentlech Gesondheet geriicht.
U sech sollt d'Appellsprozedur virum Conseil de discipline dës Woch sinn, huet awer misse wéinst engem prozedurale Feeler verréckelt ginn. Den neien Datum ass elo op de 26. Januar fixéiert. De Collège médical wier am Ganze mat 6 Plainte konfrontéiert ginn, wou Leit sech driwwer beschwéiert hunn, si wiere vun hirem Dokter beaflosst ginn, sech net impfen ze loossen, respektiv fir keng Mask unzedoen. Den Ament géif an zwee Fäll enquêtéiert ginn.
Et wéilt een awer och verstoen, wisou Patienten net geimpft wieren, an dofir géif ee mat de Leit schwätzen an do géif dacks erauskommen, datt Leit vun Angscht gedriwwen wieren, och no engem Joer, wou geimpft gëtt. Angscht, déi beaflosst wier duerch Saachen, déi se um Internet liesen oder vun Leit héieren, an et géifen och nach ëmmer Leit ginn, déi iwwerzeegt wieren, datt et de Virus net géif ginn oder de Virus net schlëmm wier. Dee Moment, wou se op der Intensivstatioun wieren, géif fir déi Leit eng Welt zesummefalen, huet de Jean Reuter nach betount. An et wier un hinnen, fir se opzefänken. Verschidde Patiente wieren och Affer vun der ganzer Desinformatioun. Duerfir misst déi Autoritéitspersounen, déi wëssentlech Desinformatioun bedreiwen, zur Rechenschaft gezu ginn.
Déi pensionéiert Infirmière Agnes Daemen hat sech virun engem Joer an d'Réserve sanitaire gemellt an impft zanter engem Joer géint de Covid. Den Ament kéime vill Leit an den Impfzenter ma besonnesch bei den Éischtimpfunge wier awer nach vill Loft no uewen. Am Ufank wier et och méi einfach gewiescht. Déi eeler a vulnerabel Leit, déi komm sinn, wiere frou gewiescht, sech endlech kënnen impfen ze loossen. Elo mat der Zäit géif et ëmmer méi komplizéiert ginn. D'Leit wiere méi empfindlech a méi aggressiv. D'Atmosphär wier méi ugespaant wéi virun enger Zäit.
D'Pop-Up-Impfunge wieren eng gutt Iddi gewiescht, sou d'Agnès Daemen. Si wier selwer skeptesch gewiescht, mä hätt antëscht festgestallt, datt d'Leit mat engem ganz anere Gefill, vläicht manner Angscht, dohinner kommen. Anescht wéi am Impfzenter géifen hei weider keng Froe gestallt ginn an d'Leit géifen am Pop-Up-Impfzenter souguer laang Waardezäiten a Kaf huelen.
Och déi mental Gesondheet hätt extrem ënnert der Pandemie gelidden, huet de Psychiater Jean-Marc Cloos betount. Bei Jugendlechen zum Beispill hätt Corona vill zu Iessstéierunge gefouert. An der Jugendpsychiatrie géif et antëscht u Better feelen an an der ganzer Psychiatrie akut u Personal. Verschidden Dokteren aus sengem Service géife just nach aus Solidaritéit zu deenen Anere bleiwen, sou den Dokter Cloos. Departe géif hien den Ament net ersat kréien. Et géif een einfach kee fannen.
Den Dokter Cloos huet Plainte géint een Organisateur vun de Coronaprotester gemaach, well en ënnert anerem "Corona-Nazi" vernannt gouf. Keen Dokter a kee Mënsch aus dem Gesondheetssecteur sollte sech sou Frechheete befale loossen. Et wier absolut inadequat, fir sech op déi Aart a Weis vernennen ze loossen, wann ee sech fir de Gesondheetssecteur géif asetzen. Datt mer all sat hu mam Virus, wier dem Virus egal.
Et gouf och iwwert eng méiglech Impfflicht diskutéiert. Et wier net ze verstoen, datt Leit am Gesondheetsberäich sech net impfe loossen, der Wëssenschaft net vertrauen, sou d'Agnès Daemen. Een, dee lo nach ëmmer net geimpft ass an am Santésberäich schafft, misst sech effektiv d'Fro stellen, wat maachen ech hei, huet den Dokter Jean Reuter gemengt. "Ech schaffen am Gesondheetssecteur a vertrauen der Wëssenschaft net, dann ass ee vläicht einfach feel op der Plaz".
Eng Impfflicht a spezifesche Secteure wier dem Psychiater Jean-Marc Cloos no net forcement eng Léisung, et misst een éischter iwwert eng Impfflicht fir Erwuessener a Jugendlecher nodenken, mat där ee déi déi sech net kënnen impfen loossen a Kanner géif schützen.
Een, dee sech net wéilt impfe loossen, wier an der Negatioun zu senger Verantwortung vis-a-vis vun der Gesellschaft, sou de President vum Collège médical.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.