An der Emissioun "Background am Gespréich" waren d'Directrice vun Fischer, d'Responsabel fir Sozialpolitik vun der Caritas an den Direkter vu Statec.

D'Welt ass elo an enger grousser Disruptioun. De Krich tëscht der Ukrain a Russland suergt net nëmme fir Konsequenzen an de Liwwerketten a féiert zu enger Explosioun vu Präisser, mee doriwwer eraus misst een elo warscheinlech erëm driwwer nodenken, Defensen opzebauen an an de Militär z'investéieren. Dat sot den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background. Do goung et ëm déi héich Energiepräisser, ëm de Kafkraaftverloscht an ëm d‘Konsequenze vun der Inflatioun op akommesschwaach Stéit an op d‘Betriber.

Background am Gespréich vum 26. Februar
An der Emissioun "Background am Gespréich" waren d'Directrice vun Fischer, d'Responsabel fir Sozialpolitik vun der Caritas an den Direkter vu Statec.

Invitéiert waren nieft dem Direkter vum Statec, och d‘Carole Muller Generaldirektesch vu Fischer an d‘Carole Reckinger vun der Caritas.

An der Pandemie wieren d'Präisser vum Pëtrol quasi op e Rekorddéif gefall an doduerch géing een natierlech grad elo déi stramm Hausse extrem spieren. Et wier awer keng Iwwerraschung, dass een no enger weltwäiter ganz "krasser Rezessioun" ee "Boom" géing spieren an dass dann d'Offer der Demande net nokënnt. Dat géing zu der aktueller ganz staarker Tensioun op d‘Ressource féieren, erkläert den Serge Allegrezza. D‘Ukrain-Kris géing elo näischt weider arrangéieren. Fir dëst Joer kéime par Rapport zu zejoert an der Moyenne eng 190€ méi Energiekäschten op d'Stéit duer, mee am Verglach mat 2019 wären dat souguer 415€, sou den Direkter vum Statec.

Konsequenzen op Stéit an op Betriber

Et géing op alle Fronten brennen. Den Ament ginn et keng Produkter, déi eis keen Kappzerbrieches maachen. Dat sot d‘Carole Muller, Generaldirektesch vu Fischer. D‘Matières Premières géingen net erbäikommen an an der Moyenne wieren se 20 Prozent méi deier. Et géing ee keng nei Mataarbechter fannen, fir an de Betriber ze schaffen. An et wier d‘Zesummespill vun all dem an de Mangel un Previsibilitéit den et de Betriber den Ament géing schwéier maachen. A ganz besonnesch no 2 Joer Pandemie, wou een eigentlech mat enger Reprise gerechent hätt, erkläert d'Carole Muller.

Bis an d‘Mëttelschicht eran géingen d'Leit déi héich Energiepräisser elo no an no spieren, well och doduerch Liewensmëttelpräisser, Assurancen an de Logement mat an d‘Luucht ginn, sou d‘Carole Reckinger.  Mee virop wier d‘Energieaarmut hei am Land e Problem den ëmmer méi grouss- an dacks net genuch thematiséiert géing ginn, erkläert d‘Carole Reckinger vun der Caritas. Et géing dacks och zäitno un de néidege Chifferen feelen. D‘Offices sociaux missten personell opgestockt ginn fir besser Informatiounen kënnen ze liwweren.

D'Inflatioun wier virop och e sozialen Problem. Beim ënneschten Véierel vun de Leit déi am mannst verdéngen géingen d'Energierechnungen 10 Prozent vun den Gesamtausgaben ausmaachen, bei dem ieweschten Véierel just 3 Prozent, erkläert den Serge Allegrezza. Den Impakt vun den Energiepräisser ass "inegalitär". Et trefft déi eng méi haart wéi déi aner.

Regierungsmesuren goungen bis ewell bei wäitem net duer

Obwuel sech d‘Regierung beim leschten Debat iwwer d‘Kafkraaft op d‘Schëller geklappt hätt fir all déi Mesuren déi an de leschten Joren ëmgesat goufen, sou géingen dës bei wäitem net duergoen an dat géing een an de nächsten Méint nach gesinn, kritiséiert d‘Carole Reckinger vun der Caritas. Iwwer Joren wier Kafkraaft verluer gaangen well d‘Kannergeld an och d‘Allocation de vie chère net indexéiert ginn wieren. Dann misst een och besonnesch a punkto Klimaneutralitéit an Energiepräisser no laangfristege Léisungen sichen. Dacks wieren akommesschwaach Leit jo och net Proprietären an hätten keng Méiglechkeeten energetesch ze renovéieren an géingen doduerch och méi Stroum/Gas/Masutt verbrauchen. Do misst d‘Regierung gezielt Proprietären déi verlounen encouragéieren an och sécherstellen, dass dat duerno net zu engem méi héijen Loyer féiert.

Ass den Index de richtege Moyen?

D‘Mesuren fir de Klima ze schützen wieren wichteg an néideg, erkläert och d'CEO vu Fischer. Mee et misst een de Betriber fir d‘Transitioun déi néideg Zäit ginn an och méi Dialog am Virfeld wär wichteg, sou d‘Carole Muller. Donieft misst een sech froen op den Index, den et an der Form just an 2 Länner géing ginn, den richteg Moyen wier fir d‘Salairen un d‘Inflatioun unzepassen, well et wier eng enorm Laascht op d‘Betriber an schlecht fir d‘Kompetitivitéit. De Salaire géing 60 Prozent vun de Käschten an hirem Betrib ausmaachen, sou d‘Direktesch vu Fischer. Do wier den Drock immens grouss an et kéint een en Deel op d‘Gewënn-Marge huelen, awer och net alles. Fir 950 Leit an de Betriber vu Fischer an Panelux géing dat duerno eng 400.000 Euro ausmaachen, sou d‘Carole Muller.

T'ass eng Indextranche virun der Dier, dat confirméiert den Direkter vum Statec. Hien wollt awer keng Aussoen dozou maachen ob et sech ëm Wochen oder Méint handelt. Allerdéngs misst een, wann d'Inflatioun weiderhin sou héich bleift, och mat enger zweeter Indextranche nach an dësem Joer rechnen. Den Ament misst een dann driwwer diskutéieren wat een kéint maachen fir dass d'Betriber weiderhin kompetitiv bleiwen.

Background vum 26. Februar 2022

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.