Den Dr. Jean-Claude Schmit an den Dr. Gérard Schockmel waren eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Corona ass sécher net eriwwer mä d'Infektiounsverleef si manner schlëmm, dat sot den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit an eiser Emissioun Background. An der aktueller Phas géif et och kee Sënn méi maachen all Dag nach Infektiounszuelen matzedeelen. D'Santé hält de 16. Mee domadder op. De Wochebilan vun der Santé soll weider verëffentlecht ginn. D'Tatsaach, datt mer am Moment eng grouss Normalisatioun erliewen wier op d'mannst fir elo an de Summer eng gutt Perspektiv, sot de Spezialist fir Infektiounskrankheeten Gérard Schockmel. Et géif een elo an eng Situatioun kommen, wou et manner drëm geet fir ze verhënnere sech z'infizéieren, mä fir schwéier krank ze bleiwen. Hie weist sech och oppen iwwert eng Diskussioun iwwert déi lescht Coronarestriktiounen. Et wier net méi à jour, datt Leit zu X feiere kënnen an dann am Bus eng Mask mussen undoen, esou de Jean-Claude Schmit. «D’Maskeflicht am Bus kéint séier falen». An den Altersheemer an am Spidol hätten d'Mesuren awer nach hiren Notzen.

D'Isolatioun, wann ee Covidpositiv ass, ganz opzehiewen gesäit den Dokter éischter kritesch. Et kéint ee vläicht Elementer vereinfachen, mä et sollt ee weider virsiichteg bleiwen. Dat ganzt wier och eng politesch Diskussioun, esou de Santésdirekter, well et och e groussen Impakt op d'Aarbechtswelt huet. De Jean-Claude Schmit huet net verstoppt, datt aktuell awer Diskussioune lafen iwwert méi eng kuerz Isolatiounsdauer: zum Beispill 7 Deeg amplaz 10. Et géif bis elo awer nach keen Nopeschland, wat d'Isolatioun ganz opgehuewen hätt.

D'Leit déi den Ament verstierwen, géifen éischter mat wéi um Covid stierwen, sou de Jean-Claude Schmit.

Eng 300 Leit hu sech bis elo gemellt, well se Symptomer vu Long Covid hunn. Den Dokteren no géif et sou ausgesinn, wéi wann et Verschiddene mat der Zäit awer géif besser goen. D'Waardezäite fir en Charge geholl ze ginn wieren dem Santésdirekter no raisonnabel.

Virun Enn des Mounts publizéiert den Expertegrupp en aktualiséierten Avis a Punkto cibléiert Impfflicht. Zil wier, fir am September prett ze ginn. Justiz- an Aarbechtsministère schaffen den Ament jo un engem Gesetzprojet, fir eng Impfflicht iwwer 50 Joer a fir d'Santéspersonal.

Et wéilt een ouni gréisser Restriktiounen an den Hierscht goen, esou den Dokter Gérard Schockmel, obwuel deen Ament d'Infektiounszuelen nees klamme wäerten. An de Risikogruppen hätte bal 22% nach keng komplett Impfung kritt. Dat dierft een net ënnerschätzen. Op d'Propos fir d'Impfflicht och fir d'Santéspersonal bestoe bleift, do huet sech den Infektiolog méi nuancéiert ausgedréckt, well een déi aktuell Omikron-Variant ka weiderginn a sech och kann reinfizéieren.

Gleewen si nach un d'Impfflicht zu Lëtzebuerg? Op déi Fro wollt keen vun den Invitéeën agoen.

Et misst een d'Texter op alle Fall prett hunn, esou de Santésdirekter. Ob d'Imfflicht Realitéit gëtt, géif vill dovunner ofhänken zu wéi enge Konklusiounen den Expertegrupp kënnt a wéi couragéiert d'Politik ass, huet de Gérard Schockmel gemengt.

De Santésdirekter geet dovunner aus, datt virum Wanter eng Recommandatioun erauskënnt, datt sech déi ganz Populatioun eng véierte Kéier soll géint Covid impfe loossen. Et lafen och Diskussiounen, ob een scho virum Hierscht sollt vun den aktuell 80 op 60 Joer erofgoen.

Déi gréisst Fro fir den Hierscht wier wéi ee Virus kënnt, esou de Jean-Claude Schmit. Et kéint ee sech net drop verloossen, datt et bei Omikron bleift, sot den Dokter Schockmel. E reegelméissege Comeback vun de Masken am Hierscht wier sécher net verkéiert, sot de Santésdirekter. E Lockdown géif sécher kee méi kommen a mir géife gutt preparéiert an den Hierscht goen.

Ob d'Fro, ob den Dr. Gérard Schockmel sech politesch wéilt engagéieren a bei den nächste Wale matgoen, huet hie geäntwert, et géif dovunner ofhänken, wéi eng Partei un hien eru géif trieden. E wier och scho kontaktéiert ginn, wollt awer net soe vu wéi enger Partei. En huet awer wësse gedoen, en hätt nach keng Parteikaart.

Den Dr. Schmit huet eng eventuell politesch Karriär net ausgeschloss, awer och gesot, dass een dofir enger Partei misst ugehéieren, wat aktuell beim him awer net de Fall wier.

Background am Gespréich: Dr. Schmit an Dr. Schockmel

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.