Dat sot de grénge Vizepremier e Samschdeg de Mëtteg. Hie war eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Mir musse fir d'éischt mol duerch dëse Wanter kommen, mä dann awer och kucken, wéi et duerno weider geet, sou de grénge Vizepremier François Bausch. Et dierft een dowéinst de finanzielle Spillraum, deen een den Ament hätt, net elo scho komplett opbrauchen. Déi ablécklech Situatioun wier änlech schlëmm wéi d'Kris an den 1980er. D'Regierung wier sech bewosst, datt et fir ganz vill Stéit a ganz vill Betriber schwéier gëtt, besonnesch aus dem Mëttelstand. Duerfir sollt de Gros vun de Sue genotzt ginn, fir selektiv ze hëllefen, fir de soziale Misär sou kleng wéi méiglech ze halen. An zwar kuerzfristeg, ier d'Leit a Betriber hir Energierechnungen net méi bezuele kënnen. Dem François Bausch no kéint een net "egal wat maachen", d'Betriber missten och weider kompetitiv bleiwen. Elo an der Kris sollt een net direkt iwwer Steiere schwätzen. Et misst een awer och fir d'Zäit duerno iwwer méiglech Géigefinanzéirunge schwätzen dierfen.

Den Invité an eisem Background huet betount, hannert dem Indexsystem ze stoen. Wann awer 3, 5 Tranchen erfalen, da misst een am nationalen Interêt zesummenhalen. Wou d'Regierung op der Tripartite, déi e Sonndeg ufänkt, konkret usetze wëll, wollt de grénge Vizepremier nach net verroden. Et sollt ee sech keen Tabu operleeën, huet hie just widderholl. D'Haaptzil misst sinn, d'Inflatioun ze bremsen. De François Bausch verschléisst sech fir spéider och enger allgemenger Diskussioun iwwert den Index net. Hie selwer bräicht sécher keng Hausse vun 2,5 Prozent vun der Pai.

Fir déi nächst Walcampagne erwaart sech de grénge Vizepremier eng Diskussioun iwwert Gerechtegkeet, zu där och Steiere gehéieren.  Elo direkt misst een awer mol hëllefen, "do, wou et brennt". An enger schrecklech imprevisibeler Situatioun misst d'Tripartite och ëmmer rëm zesummekommen, wann et néideg gëtt. Och an der Walcampagne, wann et misst sinn. Dat iewescht Zil wier aus der Kris erauszekommen. Walen hin, Walen hier.

De Fançois Bausch (Extrait 1)

Sollt keen Accord an der Tripartite zustane kommen, da misst d'Regierung hir Responsabilitéit huelen a géif dat dann och maachen. D'Regierung géif och mat enger geschlossener Haltung an d'Diskussiounen eragoen, datt eenzel Leit verschidde Meenungen hunn, wier awer normal.  A wéi enger Form een op d'Energiepräisser agräife wäert, wollt de Minister och nach net verroden. Aner Länner si jo schonn op de Wee gaangen, fir d'Präisser ze deckelen.

Datt déi Gréng den Tankrabatt net gutt fonnt hunn, hätt näischt mam Klima ze di gehat, sou de François Bausch. D'Mesure wier nun emol awer guer net sozial cibléiert gewiescht. Wann et him nogaange wier, hätt hie souguer léiwer enger Persoun méi ginn, déi am héijen Éislek lieft an den Auto braucht, wéi een, deen en décke Porsche huet, sot de Vizepremier. D'Klima géif ee sécher déi nächst puer Méint net retten. "Sou blöd si mer jo net als Gréng", sou de Minister.

An der Mobilitéit géif et net déi eng Wonnerléisung ginn. Et misst een de ganze System änneren. D'Prioritéit misst op den Infrastrukture leien, fir datt een och méi Leit zum Beispill op déi douce Mobilitéit kritt. Wann déi aktuell Kris eppes Positives hätt, da wier et, datt verschidde Saachen, déi laang zerriet goufen, elo méi séier géife weider kommen. Télétravail wier och een Aspekt vun der Léisung.

Datt een de Landesverbrauch net an de Grëff kritt, do huet sech de François Bausch ganz skeptesch gewisen.

Stéchwuert Beliichtung an Energiespueren: Hei am Land hätt een, ausser op den Echangeuren, keng Luuchten un. Wat d'Beliichtung op den Nationalstroossen ugeet, wier een nach an Diskussioun. Hei géifen awer Sécherheetsiwwerleeunge mat eraspillen.

An der Mobilitéitspolitik misst dem François Bausch no komplett ëmgeduecht ginn a massiv an Zuch, Bus an Tram investéiert ginn, fir d'Deplacementer am Auto ze reduzéieren. Et wier gesënnegt ginn an duerfir misst lo gehandelt ginn. Och d'Vitesslimitten erofsetzen, wier keen Tabu. Op d'Kritik un de Propose vum Klima-Biergerrot ugeschwat, wäert de François Bausch an Zukunft keng Aussoe méi maachen, déi aus dem Kontext kënne gerappt ginn.

De François Bausch (Extrait 2)

Keen Tabu stellt iwwerdeem fir de Minister Bausch d'Reduktioun vun der Aarbechtszäit duer, déi misst sektoriell a jee nom Betrib decidéiert ginn.

D'Notze vum Buedem, de Schutz vun der Biodiversitéit an de Klimawandel si fir de Vize-Premier François Bausch d'primordial Erausfuerderunge fir d'Zukunft. Den Challenge wier net-genotze Flächen, déi et iwwerall am Land ginn, intelligent ze verplangen.

Wat d'Zeréckruddere vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring ugeet, nom Urteel vum Verwaltungsgeriicht, sou confirméiert de François Bausch, datt et zu enger Adaptatioun vum Naturschutzgesetz wäert kommen.

De François Bausch (Extrait 3)

Bei Bauprojeten, wou Kompensatiounsmesuren néideg sinn, misst een ewech vum Silo-Denken, sou de François Bausch an dat grousst Ganzt am A behalen.

Op seng politesch Zukunft ugeschwat, sot de grénge Minister nach, datt hien nach net decidéiert ass, op e sech de Wieler wäert stellen. Egal wéi wäert de François Bausch net méi als Minister an enger neier Regierung dobäi sinn - d'Roll als Deputéierte wier duerchaus z'envisagéieren.

Background am Gespéich: François Bausch

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.