Den EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter war e Samschdeg Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

E Waffestëllstand hänkt vum Putin of. Kee weess, wat de russesche President am Kapp huet. Am Moment ass hien op Zerstéierung aus. D'Fro ass, wéi laang nach. Dat seet den EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter Nicolas Schmit am Background. Hie begréisst awer all diplomatesch Efforten, fir eng Perspektiv vu Fridden an der Ukrain ze ginn. Dem Putin misst een aus der Stäerkt eraus begéinen. Wann hie seng Ziler net erreecht, da muss en iergendwa verhandelen. Den NATO-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland gëtt vum tierkesche President Erdogan blockéiert. Ankara wëll de Westen ëmmer nees ënner Drock setzen an elo souvill wéi méiglech Virdeeler erausschloen, mengt den Nicolas Schmit. Ma d'Tierkei kann d'Memberschaft vun deenen zwee Länner net éiweg blockéieren.

D'Ukrain brauch eng kloer Perspektiv, fir EU-Member ze ginn an d'Land nees opbauen ze kënnen, materiell a wat den demokratesche System ugeet. D'Ukrain soll decidéiert un d'Unioun erugefouert ginn, och ekonomesch. Eng Optioun - wuel mat ville juristesche Froen awer - wär et, d'Suen aus Russland, déi an den EU-Länner agefruer sinn, fir den Neesopbau ze benotzen.

De Récktrëtt vum fréieren däitsche Kanzler Gerhard Schröder aus dem Verwaltungsrot vum russeschen Pëtrolskonzern Rosneft kënnt vill ze spéit, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit. De Vladimir Putin géif sech iwwerschätzen, wann hie mengt, d'Europäer kéinte sech ouni russesche Gas a Pëtrol net selwer versuergen. Ma mat Solidaritéit an engem séieren Ëmbau vum Energie-System kéint d'EU séier aus der Ofhängegkeet erauskommen, esou nach den EU-Kommissär.

D'Aarbechtszäiten an d'Manéiere sinn amgaangen ze changéieren. Grouss Ännerunge bei de Reegelunge kann een awer net ouni d'Sozialpartner maachen. An iwwerhaapt hätt d'EU-Kommissioun guer net de Pouvoir, all de Länner eng Organisatioun virzeschreiwen, esou den Nicolas Schmit. Teletravail kéint ee favoriséieren. Et wär eng Méiglechkeet, fir Energie ze spueren, esou de Kommissär.

Ungarn a Polen dierften net europäesch Suen zum Nulltarif kréien. Och si misste sech u Reegelen halen an dierften d'Rechtsstaatlechkeet net relativiséieren, huet den Invité am Background betount. An Europa gëtt et e Problem vu sozialer Kohesioun, gëtt den Nicolas Schmit zou. Et gëtt Aarmut hei an aus där misst een d'Leit eraushuelen. Dofir gëtt et de soziale Kompass als Outil géint d'Aarmut mat virgeschriwwenen Ziler, wat d'Beschäftegung ubelaangt.

Dem Nicolas Schmit no hofft de Putin nämlech, dass d'Deierecht an d'Aarmut d'europäesch Memberstaaten auserneen dreiwen. Och aus deem Grond wären d'Efforte fir sozial Gerechtegkeet immens wichteg. Basis-Nahrungsmëttele sinn och duerch Enkpäss bei der Produktioun nees méi deier ginn. Awer d'Präisser hänken och vum Weess aus der Ukrain of.

Elo misst een d'Inflatioun bekämpfen, virun allem Acteuren, déi probéieren, de grousse Gewënner vun der Deierecht ze ginn. Eng Anti-Inflatiounspolitik däerf sozial schwaach Leit net an d'Aarmut stoussen, esou den EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter nach. De Risiko vun enger ekonomescher Rezessioun schätzt den Nicolas Schmit als net héich an.

Den LSAP-Politiker wollt net soen, ob hie bei den nächsten nationale Walen nach eemol kandidéiert.

Background am Gespréich: Nicolas Schmit
Resumé vum Background am Gespréich
Den EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter, Nicolas Schmit, war e Samschdeg Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.