E Samschdeg waren d'Deputéiert vun der DP an déi Lénk wéi och de Caritas-Direkter eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D'Orientéierungsdebatt iwwert d'Moderniséierung vum Steiersystem dës Woch an der Chamber war eng Farce, well souwisou vu fir era kloer war, datt keng Reform géing kommen - dat sot d'Nathalie Oberweis e Samschdeg de Mëtten am Background hei op RTL. Invitéeë waren nieft der Deputéiert vun déi Lénk d'DP-Deputéiert a Generalsekretärin Carole Hartmann an de Caritas-Direkter Marc Crochet. D'Schéier tëscht Aarm a Räich géing ëmmer méi ausernee goen, sou de Marc Crochet. Well déi meescht vun eis an der Mëtt leien, géinge mer dat vläicht net sou matkréien. Ma bei der Caritas géing een all Dag gesinn, datt et fir déi Leit, déi net vill hunn, ëmmer méi schwéier gëtt an dowéinst wiere Mesuren dréngend néideg.

"Wann dat d'Haaptargument ass, datt d'Suen net duer ginn, datt d'Suen net do sinn, fir eppes ze maachen, an ech mengen et ass kee vun eis deen hei wëll, datt eist Land sech weiderhi verschëlt, verschëlt a weider verschëlt. Mee et sinn eben och eng ganz Partie Saachen ze maachen, déi si Käschtenneutral méiglech. Et kann een eng Verännerung vun der Progressioun vun der Steiertabell maachen, déi sou ugeluecht ass, dass se ënnert dem Stréch méi gerecht ass an awer net méi deier gëtt. Et kann een eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz maachen, wann ee sech dann eens doriwwer gëtt wat e Super-Héich-Verdénger dann ass, fir dee sech dat géing applizéieren."

Eenzel Mesurë wieren awer och sou wichteg, datt ee sech et misst eppes kaschte loossen, esou de Marc Crochet - zum Beispill missten Elengerzéier a Wittleit an d'Steierklass 2 kommen.

Datt dat nach an dëser Legislaturperiod geschitt, huet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann ausgeschloss. Bei de Mesuren, déi nach fir d'Elengerzéier solle kommen, kéint ee sech éischter Steierkreditter erwaarden.

"E Steierkredit ass generell eng Mesure, déi mir als Demokratesch Partei als méi sozialgerecht empfannen, well se ebe just déi erreecht, déi et grad brauchen, zum Beispill wa géingen d'Barèmen ugepasst ginn, da sinn am Endeffekt awer déi, déi am meeschte verdéngen, déi, déi dovu profitéieren. Oder, an dat ass eppes wat dës Regierung vill gemaach huet, dass een de Leit am Fong hëlleft iwwer Sachleeschtungen."

Als Beispiller nennt d'Carole Hartmann d'gratis Kannerbetreiung an d'gratis Hausaufgabenhëllef. Fir hir Partei kéim et net a Fro, de Spëtzesteiersaz ze erhéijen, well dat der Attraktivitéit vu Lëtzebuerg géing schueden, fir wichteg Talenter unzezéien.

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk wollt hirersäits d'Argument, et wiere keng Suen do fir eng grouss Steierreform, net gëlle loossen.

"Mir mengen et ass absolut méiglech a mir loossen dee Mantra net gëllen, datt et net méiglech ass, mir loossen dat absolut net gëllen, well och sou wéi mer d'Steieren am Moment hunn, si jo schonn Ongerechtegkeete mat dran. Déi eng bezuelen ze vill, déi aner bezuelen ze mann. Ze vill, dat sinn zum Beispill d'Monoparentauxen, ze mann, dat sinn zum Beispill déi ultra räich, dat heescht do si schonn Ongerechtegkeete mat dran, déi mer acceptéieren andeems mer keng Reform maachen. Mir féiere verschidden ongerecht Steierstrukture weider andeems mer se net reforméieren. Et gëtt ëmmer sou gesot, dass dat dann neutral ass, wa mer keng maachen. Mee keng ze maachen ass neutral, et ass e Choix, déi Ongerechtegkeete weider ze féieren, déi schonn do sinn."

Verfassungsreform

No méi wéi engem Joerzéngt Aarbecht huet d'Chamber dës Woch dee leschten Deel vun der Verfassungsreform gestëmmt, zu engem Referendum war et net méi komm. Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis huet fonnt, datt d'Auteure vun der Verfassungsreform keng ganz offensiv Informatiounscampagne gemaach hunn.

"Dat wat d'ADR gemaach huet, war zimmlech onéierlech. Dat wat si an de Raum gesat hunn iwwert d'Auslännerwalrecht ass net wouer. Mir hunn an eiser Verfassung, dat soen ech riicht eraus, d'Awunnerwalrecht, d'Auslännerwalrecht ass fir eis d'Awunnerwalrecht, kloer drastoen, well mir stinn do hannendrun. Dat ass an der neier Verfassung net dran, dat ass net wouer wat d'ADR do seet. Awer ech fanne schonn, dass déi 3 Regierungsparteien an d'CSV net genuch verdeedegt hunn, net offensiv genuch, net genuch eng Campagne gemaach hunn, dat war relativ hallefhäerzeg wéi si hir Verfassung do verdeedegt hunn."

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann sot d'Verfassungsreform wier keng Revolutioun, mee eng Evolutioun, déi awer op e ganz breede Konsens géing berouen.

"Dat huet een och an der Chamber gesinn an ech menge mir schwätzen do och iwwert eist Grondgesetz an ech fannen, dass een do sech déi néideg Zäit soll huelen an et war och wichteg a mengen Aen, déi Zäit och ze notzen, fir déi Verfassung oder déi Verfassungsreform, fir déi och mat de Leit dobaussen ze diskutéieren. An do ass och notamment an dëser Legislaturperiod nach wierklech vill gemaach ginn. D'Leit konnten och an d'Chamber kommen, respektiv et sinn och Diskussiounen organiséiert ginn, fir iwwert d'Verfassung ze schwätzen an den eenzele Regiounen an ech mengen dat war wichteg, fir datt d'Verfassungsreform och bei de Leit ukënnt."

De Caritas-Direkter Marc Crochet hätt sech nach méi Biergerbedeelegung an der Verfassung gewënscht. D'Verfassung géing nach ëmmer net wierklech an d'Zäit passen.

"Eng Constitutioun ass e Contrat social an ass dee Contrat social aus dem 19. Joerhonnert, ass dat, och renovéiert, nach deen Text, deen eis no enger Pandemie, wou mer dem Doud an d'Aen gekuckt hunn a gemengt hunn et wier d'Enn vun der Mënschheet, nach deen an deem déi Saache stinn, déi eis wierklech wichteg sinn, sinn déi Wäerter vun enger postmoderner Gesellschaft do dran... no der Revisioun ass virun der Revisioun géing ech soen an do ass nach vill ze dinn."

Logementsproblem

Mir brauchen e groussen Dësch ronderëm dee gréisste sozioekonomesche Problem, dee mer hei am Land hunn, de Logement, dat sot de Caritas-Direkter Marc Crochet e Samschdeg am Background. D'Ministere fir Soziales, Logement an den Inneministère an iwwert deen och d'Gemenge misste méi zesummeschaffen. D'DP hätt schonn an der leschter Legislaturperiod proposéiert, datt all déi Kompetenze missten an engem Ministère zesummegeluecht ginn, sot dozou d'Deputéiert Carole Hartmann. Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis huet gesot, datt an hiren Aen beim Logement ze vill Suen op déi falsch Plaze géinge fléissen.

"Mir hunn ze vill Investissement, wat mécht, dass Wunnengen opkaaft ginn a rëm verkaf ginn a sou weider an dat dreift d'Präisspiral un. Mir mussen déi steierlech Incitatiounen do ofbauen an als Beispill kann een den Amortissement acceléré nennen, dee jo schonn e bëssen ofgebaut gouf. Dee muss absolut fortkommen. En anert Beispill ass dass d'Plus-valuen, wann s de däin Haus oder deng Wunneng verkeefs no 2 Joer, da gëss de just zum hallwen Taux besteiert. Mir fannen dat net richteg, dee muss normal besteiert ginn."

Déi Lénk Deputéiert begréisst, datt nach virun den nächste Walen eng Reform vun der Grondsteier, e Regëster vun eidelstoende Wunnengen an eng Spekulatiounssteier solle kommen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dozou dës Erklärunge ginn:

"D'Spekulatiounssteier soll net déi Leit viséieren, déi een oder zwee Grondstécker oder Haiser hunn, d'Spekulatiounssteier soll effektiv déi viséieren, déi immens vill Wunnengen, Terrainen hunn. Well, dat viséiert nämlech och déi ganz Logementssituatioun hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eidelstoend Terrainen, mir hunn eidelstoend Wunnengen a mir mussen eng Politik maachen, déi fërdert, datt déi eidelstoend Terraine bebaut ginn, dass déi eidelstoend Wunnengen nees bezu ginn."

Donieft huet d'Carole Hartmann iwwerdeems gesot, datt d'Gestion locative sociale nach méi bekannt misst gemaach ginn, wou Proprietären hir Wunneng iwwert d'Agence immobilière sociale kënnen zur Verfügung stellen. De Caritas-Direkter Marc Crochet huet deem zougestëmmt, huet awer drop opmierksam gemaach, datt domat och e gewëssen Opwand verbonnen ass.

"Dat ass sou e rundum-Sorglos Versprieche fir de Proprietär an dann och mat gewësse finanziellen Interesse verbonnen, sou dass d'Leit dat am Fong nach relativ gär unhuelen, wa se en Objet hunn, wa se bis wëssen, dass et et gëtt. Mir erliewen am Alldag dann, dass mir heiansdo net déi néideg Mëttel hunn, fir dat ze maachen, wat un enger GLS (Gestion locative sociale) awer och drun hänkt, dat ass en Encadrement maache vum Locataire an do muss ech soen, do si mer rëm bei deem selwechte Problem vun der Setzkastenorganisatioun vun eisem Staat, déi Hëllef, déi gëtt iwwert de Familljeministère geliwwert an do feelen eis dann déi Stonnen. Mir hunn en fait haut cocasseerweis méi Objeten, déi eis ugebuede ginn an der GLS, wéi mir se kënnen unhuelen, well mir den Encadrement hannendrun net gestemmt kréien."

Background am Gespréich vum 16. Juli 2022

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.