E Samschdeg huet sech an der Emissioun Background am Gespréich alles ëm d'Problemer an der Landwirtschaft an d'Fro, wéi mer do erauskomme kënnen, gedréint.

Vill Baueren fille sech den Ablack mam Réck widder der Mauer. De Gros vun de Propositiounen, déi wärend der Consultatiounsphase vum neien Agrargesetz vum Secteur an och Naturschutzorganisatioune gemaach goufen, wieren ignoréiert ginn, sot de Luc Emering vun de Jongbaueren e Samschdeg de Mëtten am RTL-Background. Et hätt ee probéiert konstruktiv matzeschaffen an et wier ee sech och bewosst, datt een Efforte misst maachen, mä d'Baueren géinge sech duerch d'Approche vum Ministère iwwerrannt fillen.

Eréischt ganz spéit wärend der Consultatioun hätt de Secteur de Gesetzestext mat de konkrete Mesure gesinn, huet iwwerdeems de President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder kritiséiert. D'Baueren stéiere sech virun allem un der geplangter Deckelung vum Véibestand, déi zanter dem Summer konkret um Dësch läit.

Och d'Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Daniela Noesen sot, datt de Secteur net genuch matagebonne gouf an et géif och nach ëmmer e Leitbild feelen, wéi d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg soll ausgesinn. D'Baueren hätte jorelaang gesot kritt, si missten ëmmer weider wuessen, de Véibestand ausbauen, an elo op ee mol wier et de Géigendeel, ouni awer datt eng Strategie géing virleien. Wéi soll de Bauer dat maachen?

Limitatioun vum Véibestand suergt weider fir vill Widderstand vum Secteur

Bei enger ëffentlecher Consultatioun géinge komplett contraire Meenungen openee stoussen, sot den LSAP-Landwirtschaftsminister Claude Haagen zu de Reprochen. Et misst ee vläicht den Experten an deem Prozess méi Poids ginn. Hie géing constatéieren, datt keen d'Klimaziler géing a Fro stellen an do misst een ebe bei den Ammoniakziler nach immens vill maachen.

Am neien Agrargesetz ass dowéinst notamment virgesinn, d'Zuel vu Kéi pro Landwirtschaftsbetrib anzeschränken. De Luc Emering huet gewarnt, datt dat de Familljebetriber géing schueden an d'Baueren incitéiere géing, fir aus all Béischt nach méi eraus ze huelen, wat net am Sënn vum Déierewuel wier.

D'Aschränke vum Véibestand géing net heeschen datt e Betrib net wuessen dierft, sot de Claude Haagen, e kéint sech jo an anere Beräicher entwéckelen. Et misst een elo agräifen, fir ze verhënneren, datt een an 10 Joer d'Handbrems zéie muss, well d'Ziler net erreecht goufen. A sengen Ae géingen d'Betriber domat geschützt ginn. De Guy Feyder vun der Landwirtschaftskammer huet sengersäits vun engem "Landwirtschaftsbehënnerungsgesetz" geschwat. Et misst alles gemaach ginn, fir den Text nach z'ajustéieren, fir net virun enger Mauer ze stoen.

Bei de Subsiden, déi un ekologesch Krittäre gebonne sinn, wier eng Chance verpasst ginn, sou d'Daniela Noesen. Hei géing just dat wat verluer geet kompenséiert ginn, awer et géing net wierklech en Incentive ginn, fir sech ëmzestellen.

Agrarsommet an der Preparatioun

D'Agrargesetz géing op alle Fall net ouni Agrarsommet gestëmmt ginn, huet de Claude Haagen verséchert. Wéini dëse wier, konnt de Minister nach net soen. Et misst nach gekläert ginn, wouriwwer do alles geschwat gëtt a wéi eng aner Minister dobäi solle sinn. D'Demande wier fir d'Ëmweltministesch, d'Finanzministesch an de Premierminister och um Dësch ze hunn.

Am nächste Regierungsrot géing een d'Calepine vergläichen a kucken, wéini déi concernéiert Leit disponibel sinn, sou de Minister. De Secteur gesäit all Zäit e groussen Diskussiounsbedarf. E geneeën Datum, wéini dat neit Agrargesetz gestëmmt gëtt, gëtt et nach net. Den Text läit elo mol an der Chamber a gouf dës Woch eng éischte Kéier an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert.

Biosecteur staark ënner Drock

Bei regionalen a Bio-Produite géing een elo an der Kris mierken, datt wann d'Kafkraaft erofgeet, d'Leit do spuere géingen, soten de Luc Emering an d'Daniela Noesen iwwerdeems. Béid hunn och kritiséiert, datt et beim Ëmsetze vun de Bio-Ziler net géing viru goen. Hei wier déi lescht Joren vill Zäit verluer gaangen. Erkläerten Zil ass u sech bis 2025 op 20 Prozent Bio zu Lëtzebuerg ze kommen. Den Ament gëtt awer op eppes méi wéi 5 Prozent vun de Flächen Bio ugebaut.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.