Literatur zu Lëtzebuerg an d’Schoul - dat ware just e puer vun de Stéchwierder vun der Sendung.

De Weekend vum 15. a 16. November sinn déi Walfer Bicherdeeg, mat ënnert anerem Sonndes der RTL-Dictée. D’Walfer-Bicherdeeg waren dann och ee Sujet an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Lambert Schlechter. Mam Auteur a pensionéierte Professer ass awer och iwwer d’Situatioun vun der Literatur zu Lëtzebuerg, iwwer d’Schoul an aner aktuell Sujeten Riets gaang. Background am Gespréich mam Lambert Schlechter ass de Samschdeg vun 12 bis 13 op RTL Radio Lëtzebuerg gelaf, hei kënnt Dir d'Emissioun nach eemol a voller Längt genéissen.