Lucy Agostini, Alija Suljic, Anne Lecuit, Samuel Moïse
E Samschdeg ware 4 jonk Politiker, déi bei den EU-Wale kandidéieren eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Huet Europa eng aussepolitesch Stëmm, a wéi misst déi kléngen? Huet d'Europäesch Unioun eng Chance, an der Course géint de Klimawandel? A wéi eng Perspektive ginn et an der Aarbechtswelt? Eng Woch virun den Europawale hu mer mat 4 jonke Kandidatinnen a Kandidaten iwwert d'EU vu muer geschwat. Invitéiert waren:
- D'Lucy Agostini vun de Piraten,
- Den Alija Suljic vun déi Lénk,
- D'Anne Lecuit vu Fokus,
- De Samuel Moïse vu Volt.
Déi Jonk ware sech eens iwwer d'Wichtegkeet vun der Europäescher Unioun.
Den Alija Suljc huet betount, déi Lénk wiere kengeswees fir en Ofschafe vun der EU, vill méi misste Problemer, zum Beispill wéi déi grouss Ongerechtegkeeten tëscht aarm a räich an Europa ugaange ginn.
D'Anne Lecuit huet drop higewisen, datt d'Europäesch Unioun a Lëtzebuerg géigesäiteg vunenee géifen ofhänken.
Besonnesch an der Klimapolitik misst méi zesummegeschafft ginn, respektiv a Steierfroen oder dem Aarbechtsrecht, huet d'Lucy Agostini vun de Piraten gemengt.
Volt ass eng paneuropäesch Partei, déi fir e federaalt Europa antrëtt. D'Partei, déi a méi Länner mat enger gemeinsamer Lëscht untrëtt, wëll de Leit Europa méi no bréngen, sot de Kandidat Samuel Moïse am Background.
Aussepolitesch trëtt Volt derfir an, datt Lëtzebuerg Palästina misst als Staat unerkennen. Virun allem awer misst der katastrophaler Situatioun en Enn gesat ginn, well et géif op all Säit just jidderee verléieren, sou de Kandidat vu Volt, deen och op d'Protester vun de Studenten a Studentinnen ze schwätze komm ass. Et dierft een hei och net de Jonken, déi géint de Krich protestéieren, Antisemitismus reprochéieren.
Och Fokus ass fir eng séier Unerkennung vum Staat Palästina duerch Lëtzebuerg. De Gazakrich géif déi Jonk staark mathuelen, wier op Table ronden an de Schoulen an der Campagne d'Haaptthema.
Déi Lénk wiere schonn zanter engem Joerzéngt quasi fir d'Unerkennung vu Palästina als Staat, sou den Alija Suljic. Dat wier méi wéi nëmme Symbolik, huet de Kandidat betount, mä sou kéint ee reell Drock maachen. Déi Lénk kënnen domadder net d'Positioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel verstoen. D'Situatioun a Gaza wier e Genozid. Wien dat net géif sou gesinn, géif den Eescht vun der Lag net erkennen. Waffeliwwerunge missten och direkt gestoppt ginn.
D'Piraten trieden éischter derfir an, nach mat der Unerkennung ofzewaarden. Waffen dierfe keng méi un Israel geliwwert ginn.
Anescht am Kontext vum Krich an der Ukrain. Hei hunn déi 4 Invité(e)ë fir méi Ënnerstëtzung a Waffe fir d'Ukrain plädéiert. Och wann déi rezent nei Waffeliwwerungen un d'Ukrain aus Däitschland a vun den USA eng weider Eskalatioun wieren, sou de Kandidat vun déi Lénk.
Fokus trëtt fir massiv Ënnerstëtzung a Waffeliwwerungen fir d'Ukrain an. Mam Wladimir Putin wier sou wéineg ze verhandele wéi mat "Hitler-Däitschland", schreift a seet d'Partei. Et misst ee Russland sou wäit zeréck drécken, datt se agesinn, datt et net méi weider geet.
Volt trëtt fir eng europäesch Arméi, ënner Kontroll vum EU-Parlament an.
En anert Thema war de Klimawiessel an d'Ëmweltpolitik
Och wann haut manner Jonker op d'Strooss ginn a Kricher méi am Fokus stéingen, wier de Sujet net vergiess. Politesch missten nach méi Efforte gemaach ginn, fir d'Klimaschutzziler z'erreechen, sou de Message vun de jonke Kandidaten a Kandidatinnen.
Stéchwuert Aarbecht. Hei misst d'Unerkennung vun den Diplomer vereinfacht ginn, sou eng konkret Fuerderung vu Fokus an deem Beräich.
Volt trëtt fir en europäescht Grondofkommes an. Dogéint setzen déi Lénk op méi e globaalt Ëmdenken an der Aarbechtswelt, eng progressiv Aarbechtszäitreduktioun a méi Steiergerechtegkeet, amplaz just un e puer Stellschrauwen ze dréinen.
Eng Aarbechtsplaz respektiv en Diplom wiere kee Garant méi géint Aarmut.
D'Piraten dogéint gesinn eng Aarbechtszäitreduktioun kritesch. Notamment am Santésberäich wiere lo schonn net genuch Leit do.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.