Ee Joer schwaarz-blo. Wat bedeit dat am Beräich vun der Santé? Dorëms goung et e Samschdeg an der Emissioun Background um Radio.

An der Emissioun Background ass et e Samschdeg ëm de Lëtzebuerger Gesondheetssystem gaangen mat dräi Invitéen. Der fréierer LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert, dem Vizepresident vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD Carlo Ahlborn an de President vun der Associatioun vun de Medezinstudenten Felix Minette.

Digitalisatioun misst Prioritéit sinn

E grousst Theema war d‘Digitalisatioun vun där sech d‘AMMD méi Convivialitéit, méi Zäit mam Patient a manner administrativ Aufgaben erwaart. Et géif kee Medezin studéieren fir e Paperasse-Krich duerno ze maachen, sot de Carlo Ahlborn. Ma haut wier den administrativen Opwand an Praxissen an am Spidol ze grouss. Leider wiere mer haut bei der Digitalisatioun nach net do wou mer wéilte sinn.

Der fréierer Gesondheetsministesch Paulette Lenert no, misst d‘Digitalisatioun eng absolut politesch Prioritéit sinn. Et misst een d'"Äerm erop strëppen. Vill Geld an de Grapp huelen a vill Nerven hunn". Ënnert hirer Responsabilitéit wier duerchaus Viraarbecht en vue vun engem eenheetlechen digitale System, enger nationaler  Datebank gemaach ginn, huet d‘LSAP-Politikerin sech verdeedegt.  2023 hätt en interministerielle Grupp Recommandatiounen un d'Regierung gemaach an et wiere grouss Budgeten fräigestallt ginn fir de sougenannten "health information system" Lëtzebuerg. Als éischt soll ee vernetze System fir all d'Spideeler kommen an dann an nächster Etapp an der Fleeg.  Do géif hirer Meenung no och am Ministère weider dru geschafft. Experten hätten hir an hirer aktiver Funktioun als Santésministesch no, datt ee realistesch a 5-10 Joer eng zentral digital Vernetzung kéint hu kréien.

Iwwerdeems huet de President vun de Medezinsstudenten gemengt et kéint ee sech un den Nopeschlänner inspiréieren. Lëtzebuerg hätt schonn Knowhow an déi néideg finanziell Mëttel.  Firwat also net do ufänken? Natierlech géif de Beruff vum Dokter méi attraktiv wann ee sech méi op déi eigentlech Aarbecht konzentréiere kéint.

AMMD: Mir si boykottéiert ginn

D‘AMMD zitt e gemëschte Bilan bis elo vum sougenannte Paiement immédiat direct. Hei bezilt de Patient direkt beim Dokter just nach seng Part. Bei de Generalisten géif den neien Ofrechnungssystem gutt funktionéieren. Anescht awer an der Poliklinik oder bei den Zänndokteren wou et net géif klappen, huet den Dokter Ahlborn erkläert. Do misst ee weider Iwwerleeunge féieren. All deem hätt de System vun der Sociétéit DHN (Digital Health Network) a Betruecht gezunn, deen d‘Doktere selwer developpéiere gelooss haten. D'Firma DHN gouf och vun Doktere gegrënnt. Si géifen am beschte Bescheed wëssen a géifen och am beschten  d'Doleancen vum Patient kennen, sou den AMMD-Vertrieder.

Rosen ass d'Dokteschassociatioun nach ëmmer, datt d'Santé virun der aktueller CSV-DP-Regierung net mat der DHN-App schaffe wollt. Datt wier e "rise Frechheet" gewiescht, sou de Carlo Ahlborn. D'AMMD wier hei kloer boykottéiert ginn. Doduerch wier een a finanziell Schwieregkeeten geroden. D'Ex-Santésministesch huet argumentéiert et hätt net kënnen exklusiv mat enger privater Firma zesummeschaffen. Den AMMD-Vertrieder huet gekontert et hätt een ni eng Exklusivitéit gefrot.

CNS an AMMD hunn am November en Accord fonnt, datt d'Gesondheetskeess d'App iwwerhëlt. 

Unispidol als Standuertfacteur

Stéchwuert Doktermanktem. Dat wier net nëmmen e Lëtzebuerger Phänomen. A ganz Europa géifen antëscht Doktere feelen, sou d‘AMMD, queesch duerch d‘Spezialisatiounen. Mat Ausnam vun den Zänndokteren. Do wier de Grand-Duché e Schlupflach ginn. Duerfir géif et där vill ze vill. D'Medezinsstudenten si sech bewosst, datt den Dokter-Manktem net eleng mat Lëtzebuerger Dokteren ze léisen ass. Souguer wann déi all no hirer Ausbildung am Ausland nees géifen heem kommen. Duerfir wier de Besoin an Zukunft vill ze grouss. Estimatiounen no, géifen bis 2035 40% vun den Dokteren feelen. Et wier een weiderhin op Fachkräften aus dem Ausland ugewisen. Fir Leit op Lëtzebuerg ze kréien bräicht een der ALEM no, ënnert anerem eng Unisklinik. Haut géif et u Kontinuitéit feelen well de ganze Studium hei am Land drop baut, datt een nom Bachelor muss an d'Ausland goen. Zum Beispill och Malta hätt als klengt Land eng qualitativ Formatioun a Versuergung hi kritt, sou de Felix Minette.

Ee komplette Medezinstudium an anstänneg Konditiounen an der Ausbildung an engem adequate Statut vum Assistenzdokter, wiere sécher Punkten mat deenen een Leit unzéie kéint, huet  och d'Ex-Santésministesch gemengt.  Et géif leider ze wéineg Ressourcen op  sou strategeschen Froen ze schaffen, huet d'Paulette Lenert bedauert. Wat ee bräicht wier awer eng richteg Fachkräfte-Strategie.

Background am Gespéich mam Felix Minette, Paulette Lenert an Dr Carlo Ahlborn

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.