Et dierft een dat Soziaalt zu Lëtzebuerg net aus den Ae verléieren
E Samschdeg war de Jean-Claude Juncker eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"D'Aart a Weis, wéi Evenementer kommentéiert a begleet ginn, huet sech massiv geännert an et muss ee sech vill méi séier wéi fréier äusseren. Dobäi ass déi geopolitesch Situatioun nach méi komplex wéi fréier", dat sot de Jean-Claude Juncker e Samschdeg de Mëtteg am Background. Den Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident huet drop verwisen, datt et tëscht 60 an 90 Kricher op der Welt gëtt, vun deenen déi meescht ënnert dem Radar lafe géingen.
Mat Bléck op de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg huet de Jean-Claude Juncker gemengt, datt deen net just positiv gekuckt dierft ginn. Et kéint een och zefridde sinn, wann een net ëmmer nach méi dobäi krit. Wat den Aarmutsrisiko, dee bei ronn 19 Prozent läit, ugeet, wier deen eng Gefor fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft. Et wier een Hon, datt et an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg Kanneraarmut gëtt.
Ugeschwat op déi geplangte Rentereform, huet de Jean-Claude Juncker gemengt, datt een doriwwer misst schwätze kënnen, ouni datt direkt vu Sozialnäid geschwat gëtt. Hie selwer hätt scho viru Jore vum 700.000 Awunnerstaat geschwat an op déi méiglech negativ Konsequenzen higewisen.
Wat d’Sonndesaarbecht ubelaangt, misst een dee Sujet differenzéiert kucken. Et sollt een net all Sonndeg schaffen, et bräicht nämlech och ee kollektiven Dag, fir ofzeschalten an ze entschleunegen. Ma gläichzäiteg dierft d'Aarbecht och net nëmmen als eppes gesi ginn, wat ee vun der Fräizäit ofhält. Et wier iwwerdeems gutt, datt vill Froe vun der Aarbechtsorganisatioun iwwert Kollektivverträg gereegelt ginn. Doduerch kéint ee besser op Nuancen agoen, wéi wann een dat iwwer d'Gesetz reegele géing. Et misst een akzeptéieren, datt Gewerkschafte Fuerderungen am Interessi vun de Salariéë stellen an dobäi och alt emol ongemittlech sinn. Datt et méi wéi eng Gewerkschaft gëtt, wier an der Rei, soulaang et net zu enger Zersplitterung vun der Gewerkschaftszeen kënnt.
No gutt engem Joer CSV-DP-Regierung war et den Tuyau un de Premier Luc Frieden, sech vun deene Kräften ewechhalen, déi dat a Gefor brénge kéinten, wat d'CSV an der Vergaangenheet um sozialen Niveau erreecht hätt. Et hätt een et an der Zäit gepackt, d'CSV vu riets an d'Mëtt vun der Gesellschaft ze féieren. Hautdesdaags géing iwwerdeems d'Gefor bestoen, datt déi grouss Volleksparteien un hire Borden ëmmer méi ausfransen an ee sech fir d'Iddie vun Extremisten opmaache géing.
D'ADR géing hien iwwerdeems net als rietsextrem astufen. Hie géing awer mat Interessi beobachten, datt den EU-Deputéierte Fernand Kartheiser mëttlerweil a sengem eegene politesche Grupp am Parlament deels isoléiert wier, well seng Positiounen esouguer zum Beispill enger polnescher "PIS" ze wäit goe géingen.
Datt Syrer nom Enn vum Assad-Regime rëm an hiert Land zeréckgoe sollen, géing hien à priori och esou gesinn. Et dierft een awer näischt iwwerstierzen, well d'Situatioun a Syrien alles anescht wéi evident wier.
Mat Bléck op den designéierten US-President Donald Trump huet de Jean-Claude Juncker gemengt, datt een net wéi d'Maus virun der Kaz handelen dierft. Et misst een intern eng Politik definéieren an déi dann duerchzéien, amplaz ëffentlech doriwwer ze schwätzen. Wat den Ukrainkrich ugeet, wier et kloer, datt een d'USA bräicht, fir ee Fridden ze erreechen.
Ugeschwat op d'Caritas-Affär huet de Jean-Claude Juncker gemengt, hien hätt sech net kënne virstellen, datt esou ee Mëssbrauch vu Spendesuen an enger Organisatioun wéi der Caritas méiglech kéint sinn. Him géing et och fir d'Marie-Josée Jacobs, déi sech ee Liewe laang fir anerer agesat hätt, leed doen. Suerge géing him iwwerdeems maachen, datt et schénge géing, wéi wann d'Spendebereetschaft vun de Leit ënnert der Affär gelidden hätt. Dorënner géinge grad déi leiden, déi op d'Suen ugewise wieren. "Wann d'Vertraue verschwënnt, ass d'Zesummeliewe méi schwéier", esou de fréiere Staatsminister.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.