Den Handy, d’Televisioun an d’Kommunikatioun, haut a muer, waren nëmmen 1 Thema an der Emissioun vun dësem Samschdeg.

Background am Gespréich, dëse Samschdeg mat der europäescher Kommissärin Viviane Reding. Den Handy, d’Televisioun an d’Kommunikatioun, haut a muer, sin een Thema an eiser Emissioun. Et geet donierft ëm d’Autoindustrie, d’Finanzkris a kromm Cornichon’en. Mir froen wat d’CSV-Politikerin no de Wahlen 2009 maache wëll a mir beliechten die eng oder aner méi privat Säit vun eisem Invitée. Background am Gespréich mam Viviane Reding.