16. Mee 2009: Marc Fischbach

Invité an der Emissioun Background am Gespréich war de Marc Fischbach.
De fréieren CSV-Minister ass zanter fënnef Joer Médiateur. Mam éischte Lëtzebuergeschen Ombudsmann schwätze mer iwwert seng aktuell Missioun, awer och 3 Wochen virum 7. Juni iwwert d'Walcampagne an d'Erausfuerderungen, déi op déi nächst Regierung duerkommen. De Marc Fischbach, vu Beruf Jurist, hat während senger politescher Carrière net manner wéi 8 Ministèren ënnert sech, donieft wor hien vun 1979 bis 1984 Europadéputéierten a vu 1998 bis 2004 Riichter um europäesche Geriichtshaff vun de Mënscherechter.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.