9. Juni: Jean Ries

© AFP (Archivbild)
Dëse Samschdeg bleiwe mer definitiv net mat de Féiss um Buedem: Eisen Invité ass de Jean Ries, den éischte Lëtzebuerger Weltraum-Tourist.
Mat him schwätze mer awer net eleng iwwer dës Aventure, mä och iwwer d'Aviatioun am Allgemengen an d'Zukunft vum Findel, respektiv d'Niche fir nei Industrien hei am Land.

Jean Ries
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).