Och déi Jonk sinn am Wahlkampf, op mannst emol déi Jonk, déi sech a politesche Parteien engagéieren.

Wat si emdreift, wéi si sech géigeniwwer der politescher Konkurrenz positionnéieren a wéi se hir eege Chancen aschätzen, dorëms geet et e Samsteg, 23. Mee an eiser Emissioun Background am Gespréich mat jonke Politiker.

Am Studio sinn d'Spëtzeleit vun de Jugendorganisatioune vun CSV, LSAP, DP, déi Greng an ADR.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.