06. Juni 2009: C. Wickler, G.Aach, F.Cima a G.Hellers

Wahlcampagne: Wat bleift dovunner henken? Wat huet gefall? Wat manner? A wéi geet et virun mat dësem Land? Background am Gespréich, ouni Politiker.
Déi leschte Woche waren zougepléischtert mat Debatten, Face-a-Facen, Sondagen an Table-Ronden. Ee Politiker huet deem aneren d'Klensch an de Grapp gedréckt, fir op d'Telé a virun de Micro... huet den Hals gestréckt fir op d'Foto. Ma wat bleift dovunner henken? Wat huet gefall? Wat manner? A wéi geet et viru mat dësem Land?
Doriwwer schwätze mir dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich - déi Kéier garantéiert ouni Politiker, ma mat der Geschäftsfra Christiane Wickler, mam fréieren President vum israelesche Consistoire dem Guy Aach, mam Musécker Fausti Cima a mam Trainer vun der Football-Nationalequipe dem Guy Hellers.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.