Wéi kennen d'Eltere vu Schüler derzou bäidroen, datt d'Reform vun der Primärschoul e Succès gëtt? De Marco Goetz am Gespréich mam Michèle Retter.

Mam Michèle Retter, der Presidentin vun der FAPEL, dem Dachverband vun den Elterenassociatiounen, schwätz de Marco Goetz iwwert déi nei Grondschoul, déi jo am September uleeft.

Et geet ëm Qualitéitsmanagement an ëm d'Responsabilitéit vun de Mammen a Pappen vun de Schüler.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.