Background am Gespréich mat ë.a. den Themen Verfassungsännerung, Wirtschaftskris, Euthanasie, Ëmwelt souwéi Schoul vun der zweeter Chance.

D'Aktualitéit dës Woch wor eng exceptionnel: d'Verfaassungs-Ännerung, d'Annonce, datt Lëtzebuerg virun der schlëmmster Wirtschafts-Kris zanter den 30er-Jore steet, an ee Sondage nom aneren.

Doriwwer schwätze mer de Samschdeg, 13. Dezember an der Emissioun Background am Gespréich mam LSAP-Politiker René Kollwelter.

Mam Staats-Rot, laangjähregen Deputéierten, Footballer a Stater Conseiller discutéiere mer awer och iwwert d'Euthanasie, d'Ëmwelt, d'Entwécklung vun der Haptstad ... iwwert d'Schoul vun der zweeter Chance a natiirlech d'Sozialistesch Aarbechter-Partei.

Background am Gespréich mam René Kollwelter ass e Samschdeg tëscht 12 an 13  Auer op RTL Radio Lëtzebuerg gelaf. Op RTL.LU kënnt Dir d'Emissioun nach eemol lauschteren.