20. Dezember 2008: Federico Lombardi

Background am Gespréich mam Federico Lombardi, dem Porte Parole vum Poopst. Ënnert anerem freet de Marco Goetz no, wat et mam Opus Dei op sech huet.
Kënnt de Benoît XVI. op Visite op Lëtzebuerg, wee gëtt heiheem den nächsten Äerzbëschof, wéi gesäit ee normalen Aarbechtsdag vum Popst aus a wat ass drun un de Geschichten iwwert den Opus Dei?
Ënnert anerem doriwer schwëtze mer dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Porte Parole vum Popst, dem Federico Lombardi.
Donieft geet et em d'Aarbecht vun eisem Invité an em seng Aschätzung vun aktuellen Thëmen.
Background am Gespréich, dëse Samschdeg mam Jesuit Federico Lombardi, wéi gewinnt tëscht 12 an 13 Auer hei op RTL Radio Lëtzebuerg.