10. Januar 2009: Relioun a Glawen

Background am Gespréich iwwert Relioun a Glawen mat dem Marie-Paule Jungbluth, dem Auteur Jacques Wiron, dem Laurent Moyse an dem Théo Péporté.
Am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg leeft den Ament d'Ausstellung „Glaubenssache".
Doriwwer, mee och generell iwwer Glaawen a Relioun an der Welt vun haut geet et an der Emissioun "Background am Gespréich" den 10. Januar an der Mëttesstonn (12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren.
Invitéen sinn d'Historikerin aus dem Musée, d'Marie-Paule Jungbluth, den Auteur Jacques Wiron, de Laurent Moyse vun der jiddescher Kommunautéit zu Lëtzebuerg an den Théo Péporte, de Porte-Parole vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg.