A wéi eng Richtung soll sech Lëtzebuerg entwéckelen? Wéi kritt een Economie an Ecologie ënnert een Hutt? A wat kann een als "Superminister" alles maachen?

Äntwerten op dës a vill aner Froe ginn et vum Claude Wiseler. Den CSV-Minister ass den Invité am éischte Background vun der neier Saison.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.