Background am Gespréich dës Kéier mam Jos Scheuer, dem President vun der Educatiounskommissioun an der Chamber.

No laangen Discussioune gëtt d'Reform vum Primärschoulgesetz déi nächst Woch (Woch vum 19. Januar) an der Chamber gestëmmt: Wat kënnt dann elo op Schüler, Elteren a Schoulmeeschteren duer? Op wéi eng Changementer a punkto Unterricht a Bewäertung muss ee sech fir d'Rentrée am Hierscht astellen?

Mam LSAP-Deputéierte schwätze mer awer och iwwer seng Decisioun, fir Schluss ze maache mat der nationaler Politik, ëm de Wahlkampf an ëm d'Chancen vun der LSAP am Osten.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samsdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.