10. Oktober 2009: Charles Goerens

© Nadine Faber
Mam DP-Europadeputéierte Charles Goerens goung et iwwer d'Zukunft vum EU-Traité vu Lissabon, den Auswee aus der europäescher Mëllechkris an den Nobelpräis.
D'Kris an der Landwirtschaft a besonnesch am Mëllechsecteur ass méi wéi dramatesch, sou den DP-Europadeputéierte Charles Goerens an eiser Emissioun "Background am Gespréich".
Eng Zauberformel, fir aus där Situatioun erauszekommen, gëtt et net, et ginn awer Pisten, déi ee probéiere kann. En zënslose Kredit kéint eng Léisung sinn, fir de Kris an der Landwirtschaft a besonnesch am Mëlleschsecteur ze begéinen ...
Ënnert anerem d'Europaparlament ass am Dossier Landwirtschaft gefuerdert, sou den Europapolitiker. Besonnesch wann et drëm geet, fir Drock op d'Europäesch Kommissioun ze maachen, fir datt déi vun enger munnechmol wierklechkeetfriemer Positioun der Mëllechkris vis-à-vis ewech kënnt.
AUDIO: De Background hei nach eemol lauschteren.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.