17. Oktober 2009: Robert Weber

Invité am Background am Gespréich dëse Samschdeg ass den LCGB President an CSV Deputéierten Robert Weber.
D'Fro war einfach an d'Äntwert hätt solle JO oder NEE sinn, mä de Robert Weber huet an der Emissioun Background am Gespréich NET gesot op hien dann elo, wann hien do gewiescht wier, dee leschte Mëttwoch an der Chamber FIR oder GÉINT dat Gesetz gestëmmt hätt, mat deem Leit vum städtesche Gas- an Elektrizitéitswierk a privatrechtlech Betriber versat ginn.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.
Am meeschte gelies