Background am Gespréich: Invité ass de gréngen Ost-Deputéierten Henri Kox, deen elo och Buergermeeschter vu Réimech gëtt.

Den 1. November iwwerhëlt den Henri Kox de Réimecher Buergermeeschter-Stull vum Jeannot Belling - dat war viru 4 Joer no de Wahlen sou festgehale ginn. De Jeannot Belling bleift awer am Gemengerot. Am Background verréit den Henri Kox, wat hie sech elo als "Député-Maire" virgeholl huet ...

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.