Background am Gespréich iwwer Omega90: D'ASBL, déi 1990 gegrënnt gouf, begleet Leit, déi ganz uerg, meeschtens onheelbar, krank sinn, an hir Famillen.

Omega90 mécht och Trauerbegleedung, steet dem Partner, den Elteren, de Kanner ... mat professioneller Hëllef zur Säit.

Mir beliichten d'Aarbecht vun Omega90 méi am Detail, schwätzen iwwer Trauerbegleedung, d'Haus Omega, dat d'nächst Joer zu Hamm seng Dieren opmécht, an zwee Benevolen erzielen iwwer hir Erfahrungen, déi si um Terrain maachen.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.