Background am Gespréich mat dem Recteur vun der Uni Lëtzebuerg, dem Rolf Tarrach.

4.750 Studenten sinn zanter dësem Hierscht op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen. Dat sinn der iwwer 400 méi ewéi zejoert. 6 Joer ass d'Uni elo al – si stécht nach an de Kannerschong – ma si wiisst a wiisst. Wou geet et hin?

Ass d'Uni um richtege Wee? Wéi ass d'Ambiance um Campus? Wéi autonom ass d'Uni? A wien decidéiert, wéi de Betrieb organiséiert gëtt a wat do gefuerscht gëtt?

Doriwwer schwätze mer e Samschdeg mam Recteur vun der Uni, dem Rolf Tarrach.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.