Background am Gespréich: Invité ass déi kéier den LSAP-President Alex Bodry.

Mam Diddelenger Deputé-Maire schwätze mer natiirlech iwwert d'Presentatioun vum Budgetsrapport déi aner Woch.... ma och an zemol iwwert d'Roll vun de Sozialisten an der Regierung an iwwert d'Erneierung bannent der Partei, déi di lescht Wahle jo net grad gewonnen huet. Mam Jurist Alex Bodry kucke mer awer och wéi et mat der Reform vun den Institutioune steet.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.