12. Dezember 2009: Claude Meisch

© Nadine Faber
Eng Woch virum groussen Interview mam Premier fille mer de Bols vum Oppositiounsleader. Background am Gespréich mam Claude Meisch vun der DP.
Mir maachen d'Analys vun der Aarbecht an den Accenter vun der neier Regierung, schwätzen iwwert de Budget an déi neist Sondagen a mir froen, wéi den DP-President d'Zukunft vu senger Partei gesäit.
Am Resumé
"De Reformwëlle vun der Regierung ass net z'erkennen, mä wann näischt geschitt, renne mer an d'Mauer". Dat war eng Ausso am Background am Gespréich mam Claude Meisch. Den DP-President fäert, dass sech bis d'Tripartite d'nächst Joer net vill ännert.
En Extrait aus dem Background: De Claude Meisch iwwert d'Tripartite
Grad an dëse Krisenzäite gleeft d'DP un d'Instrument vun der Tripartite, mä d'Regierung misst hire Wëlle kloer dokumentéieren.
De Claude Meisch huet och annoncéiert, dass hie President vun der DP wëll bleiwen. D'nächst Joer am Fréijoer leeft säi Mandat aus, an hien ass nees Kandidat.
Dass de Premier elo awer net op Bréissel geet, gesäit den Oppositiouns-Leader net als Problem. Et wier sech et zevill einfach gemaach an sengem Départ ee Profit fir d'Oppositiounsparteien ze gesinn. D'Demokratesch Partei misst hir eegen Hausaufgabe maachen. De Staatsminister ass dem Claude Meisch no awer och gefuerdert.
De Claude Meisch iwwert de Premier
Nodeems déi europäesch Ambitiounen net méi esou op der Dagesuerdnung stinn, hofft de Claude Meisch, dass de Premier nees méi Engagement weist. D'Absence bei de Budgetsdebatten an der Chamber d'lescht Woch wier allerdengs kee gudden Ufank.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.