Dëse Samschden ass den Invité de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker am Gespréich mam Francine Closener a Fränk Kuffer.

Mir maachen de Réck- an Ausbléck, souzesoen de Joresenn-Interview vu Krise iwwer Schwéngsgripp bis Budget an Europa.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.