Background am Gespréich: 1. Invité fir 2010 ass den 9. Januar beim Fränk Kuffer de gréngen Deputéierte Camille Gira.

Gëtt et ee grénge Wee aus der Kris? Kann déi kleng Gemeng Bieckerech een nationale Modell sinn? A wéi eng Hoffnungen a Léisunge ginn et e puer Wochen nom enttäuschende Welt-Klimasommet zu Kopenhagen?

Ënnert anerem doriwwer schwätze mer an der Emissioun Background am Gespréich mam Bieckerecher Deputé-Maire Camille Gira.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 12.30 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News) nach eemol ze lauschteren.