31. Januar 2009: Spezial "Ëmweltgëfter"

Background Spezial Ëmweltgëfter: am Gespréich mam Deputéierte Jean Huss a mam Ralph Baden vum Ministère. Si äntweren op Froe vun de Nolauschterer.
Op Deeg wéi dësen, op deene vill Leit mat iergendengem Bobo oder enger Krankheet duerch d'Géigend lafen, héiert een dacks: Dat ass d'Schold vu geféierleche Substanzen an eiser Ëmwelt.
Ass dat wirklech esou? Gëtt do iwwerdriwen? Wéi kann een eigentlech eppes noweisen, moossen a wéi kann ee sech, de Fall wou, schützen?
Dorëmms geet et de Samschdegmëtteg, 31. Januar op RTL Radio Lëtzebuerg an der Emissioun "Background am Gespréich" mam Deputéierten Jean Huss a mam Ralph Baden aus dem Gesondheetsministère.
Déi 2 sinn an der Emweltassociatioun Akut aktiv an äntwere während der Emissioun och op Är Froen, déi Dir via SMS op den 60330 eraschécke kënnt.
D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samsdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an ass dono op RTL.LU (Rubrik News, Menupunkt "Background") nach eemol ze lauschteren.